
Ob passionéierten Hobbykach, klenge Gourmet oder einfach nëmme virwëtzeg: Op der ExpoGast gëtt et fir all Goût eppes z'entdecken. Zesumme mat der ExpoGast bitt RTL eng grouss Auswiel u Workshoppen un, bei deenen d'Visiteuren nei Technike kenneléieren, kreativ ginn an an déi verschidde Facettë vun der Gastronomie andauche kënnen.
Och déi Kleng kommen op hir Käschten! Bei de Mini-Käch-Workshoppë* kënnen déi jonk Käch hir Kreativitéit ënner Beweis stellen. Ob kleng Konschtwierker aus Marzipan formen, lecker Fingerfood-Häppercher preparéieren oder mat der Nues verschidden Aromaen entdecken – hei steet de Spaass um Kachen am Mëttelpunkt.
Fir déi Grouss gëtt et genee esou vill ze entdecken. Wéi erkennt een e gudden Olivenueleg? Wat mécht de Goût vu Balsamico aus? A wéi kann een e Plat esou uriichten, datt en och optesch iwwerzeegt? Bei verschiddenen Degustatiounen a prakteschen Atelieren deelen Experte wäertvoll Tipps an Tricken.
Och Theme wéi Nohaltegkeet, Liewensmëttelverschwendung an déi kreativ Kiche vu muer stinn um Programm. Wee sech fir d'Gastronomie hannert de Kulissen interesséiert, kann ausserdeem bei Diskussiounsronnen a sech mat Profien aus der Branche austauschen.
*Fir Mini-Käch Workshoppë; gitt w.e.g. d'Nimm vun de Kanner un, déi um Workshop deelhuelen. D'Eltere musse wärend dem Workshop present sinn.
Nieft de Workshoppen ass och d'RTL-Ekipp op der ExpoGast vertrueden. Wärend dëse fënnef Deeg kënnt Dir ënner anerem d'Ekippen un RTL Radio Lëtzebuerg an RTL Today Radio beobachten, kucke wéi d'Sendung Cosmopoly vun RTL Infos opgeholl gëtt an eisem Social Media Team iwwert d'Schëllere kucken. Et ass also eng flott Geleeënheet, fir eis Ekippe perséinlech kennenzeléieren an hannert d'Kulisse vun RTL ze luussen.
Méi Informatiounen iwwer d'ExpoGast an de Programm vun der Foire fannt Dir op der offizieller Websäit: www.expogast.lu.

Dir hutt Loscht, selwer bei engem vun de Workshoppen dobäi ze sinn? Da sicht Iech aus eisem Workshop-Programm Är Favoritten eraus a séchert Iech Är Plaz! D'Plaze si begrenzt, pro Workshop kënnen nämlech maximal 14 Leit matmaachen. Ee Workshop dauert jeeweils eng Stonn.
Opgepasst: RTL stellt Iech heimat keng gratis Entréesticketen fir d'ExpoGast zur Verfügung an och keen gratis Parking. Dir musst een Entrée-Ticket hunn, fir iech bei de Workshoppë kënnen unzemellen.
Hei drënner fannt Dir all d'Workshoppë mat den entspriechenden Datumer an Auerzäiten.
Vill Spaass!