Mobilitéitsministesch BackesBelsch Vignette wier net akzeptabel

Pierre Jans
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet e Mëttwoch RTL géigeniwwer gesot, datt d'Regierung sech géint déi belsch Vignette wiere wäert.
© Monica Camposeo

Wann déi dräi belsch Regioune Wallounien, Flandern a Bréissel d‘Texter iwwer dës Vignette verëffentlechen, wëll Lëtzebuerg se och op europäeschem Niveau préiwe loossen.

D‘Yuriko Backes versteet de Frust vu ville Lëtzebuerger, dass vum 1. Mee 2027 un eng Vignette fälleg gëtt, fir op belschen Autobunnen a Regionalstroossen dierfen ze fueren. Et geet hirer Meenung no awer ëm méi ewéi de Käschtepunkt fir d‘Automobilisten. Mat der Vignette géifen d‘Belsch d‘Zesummeliewen an der Groussregioun a Fro stellen. D‘Lëtzebuerger Sécherheetskonzept am Stroosseverkéier géif doduerch op d‘Kopp geheit ginn. Et wär ze fäerten, dass vill belsch respektiv franséisch Frontalieren op kleng Lëtzebuerger Duerfstroosse wiessele wäerten, fir d‘Vignette net mussen ze bezuelen. De Sécherheetsrisiko géif klammen.

Dat wär net akzeptabel, esou d‘Yuriko Backes, déi och bedauert, dass hire belschen Homolog François Desquesnes si net an d‘Ausschaffe vun der Vignette agebonnen hätt.

Back to Top
CIM LOGO