Rar OpnamenAusgestuerwenen Tasmaneschen Tiger duerch Faarwopnamen zeréck an d'Liewe geruff

RTL Lëtzebuerg
Joerhonnerten al Biller vun deem leschten Tasmaneschen Tiger sinn duerch Faarwen erëm lieweg ginn.
© The National Film and Sound Archive of Australia/AFP/Handout

De “Beutelwollef”, dee wéinst sengem gesträifte Pelz Tasmaneschen Tiger genannt gëtt, huet an Australien an op der Insel Nei Guinea gelieft, éier en virun 85 Joer ausgestuerwen ass.

Et gi manner ewéi eng Dosen Opname vun deem ausgestuerwenen Déier. An deem am Ganzen 3 Minutte laangen, stommen, Schwaarz-Wäiss-Film, ass een 80 Sekonne laange Video vun deem leschte bekannten Tasmaneschen Tiger Benjamin.

D’Opname si vum Samuel Francois-Steiniger vu Composite Films an engem 200 Stonne laangen Aarbechtsprozess gefierft ginn. “D’Biller ware faszinant fir hir Zäit, mä si schwéier ze beaarbechten, well nieft dem Déier net vill aner Elementer am Kader sinn”, esou de Francois-Steiniger an engem Post vum “National Film and Sound Archive of Australia”. Opgrond vun der Opléisung an der Qualitéit vun de Biller hunn de Pelz an d’Hoer vum Tiger missten detailléiert an animéiert ginn. De Film weist den Tasmaneschen Tiger mat sengem Sand-bronge Pelz mat décken donkele Sträifen dran an engem klenge Park, wéi e sech op de Buedem leet, schnoffelt a kraazt.

D’Opname sinn en Dënschdeg publizéiert ginn, fir den Dag vun de bedroten Déierenaarten an Australien ze éieren. Den “National Threatened Species Day” an Australien ass all Joer de 7. September, fir un dem Benjamin säin Doud am Joer 1936 ze erënneren. D’Biller ware vum David Fleay am Dezember 1933 am “Zoo Beaumaris” opgeholl ginn, wou hie wärend dem Filmen an den Hënner gebass gi war.

© The National Film and Sound Archive of Australia/AFP/Handout

Back to Top
CIM LOGO