De Besoin no Vertraue beim Renovéieren

2025 huet den Institut Toluna - Harris Interactive zesumme mat BNP Paribas an 8 europäesche Länner ënner 11.700 Persounen eng Ëmfro duerchgefouert.
Bei dëser Etude goufen d'Perceptioun an d'Meenunge vun den Europäer zum Logement an dem Klimawandel analyséiert. An de leschten zwou Episoden hu mir gesinn, wéi zentral de Logement am Kontext vum Klimawandel ass a mat wat fir enge Schwieregkeeten d'Leit sech konfrontéiert gesinn, wann si hir Wunneng energeetesch renovéiere wëllen.
An dëser drëtter a leschter Episod erkläert eis d'Marie Delhaye, Responsabel vun ESG-Projete bei BGL BNP Paribas, wat sech déi Befroten erwaarden: Wat brauch et u Mesuren, fir d'energeetesch Renovatioun am Kontext vum Klimawandel ze fërderen?
Méi iwwert d'Ëmfro fannt Dir hei. Informéiert Iech och iwwert d'Immobilieprête vu BGL BNP Paribas.