
Dir sidd prett, fir an d’Ausland studéieren ze goen? Felicitatioun! Do waart eng eemoleg Erfarung op Iech. Mee hutt Dir och un alles geduecht?
Wann een un e Studium am Ausland denkt, huet ee virun allem passionant Coursen, onvergiesslech Renconteren a kulturell Entdeckungen am Kapp. An awer ass domat och vill Ongeplangtes an eng Rei vu Risike verbonnen, op déi een sech virbereede muss.
Dir kënnt an Ärem alldeegleche Liewe mat Situatioune konfrontéiert sinn, an deenen d’Wichtegkeet vun enger Haftflichtversécherung net vun der Hand ze weisen ass:
Mat enger Haftflichtversécherung sidd Dir géint dës Schied ofgeséchert a kënnt ongeplangt Ausgabe vermeiden.
E modernt Studenteliewen hänkt och vill vun der Technologie an dem perséinleche Confort of. Dofir huet LALUX easyPROTECT Discover agefouert, eng Assurance, déi speziell op d’Besoine vu Studenten ausgeriicht ass. Si deckt och d’Haftflicht of, geet awer nach wäit doriwwer eraus!
D’Liewen ass onberechenbar an am Ausland studéiere bedeit, seng Confortzon ze verloossen. Gutt verséchert sinn, dat heescht Ongeplangtem virzegräifen a sech déi néideg Rou ze verschafen, fir sech op dat Wichtegst konzentréieren ze kënnen: Äre Studium an Är nei Erfarungen.
easyPROTECT Discover gouf als Äntwert op dës Besoinen entwéckelt. Si begleet a schützt Iech an erlaabt Iech esou, Är Studentenzäit a vollen Zich ze genéissen. Dir gitt net eleng fort, LALUX ass fir Iech do!
Stellt Iech also drop an, all Moment genéissen ze kënnen. Méi Informatioune fannt Dir op easydiscover.lu!