Suite an der Affär "The Familiy of Man"Eric Thill huet "zu kengem Moment den éischte Pouvoir vum Land ugelunn"

Claudia Kollwelter
Wéinst der Verschlechterung vum Zoustand vun der Fotoaustellung "The Family of Man" huet de Kulturminister sech géint Virwërf musse wieren, net genuch ënnerholl ze hu fir deem entgéint ze wierken.
Am Clierfer Schlass ass dem Edward Steichen seng berüümt Ausstellung ze gesinn
© Romain Girtgen

Eric Thill huet “zu kengem Moment den éischte Pouvoir vum Land ugelunn”

“En Dossier, deen nach esou bal net ofgeschloss ass.” Esou hunn direkt e puer Deputéiert e Mëttwoch no der Kulturkommissioun an der Chamber reagéiert, wou den zoustännege Minister Eric Thill op en Neits geruff war, fir iwwert den CNA ze schwätzen. E Fokus louch dës Kéier virun allem op der Fotosausstellung “The Family of Man.”

Hannergrond dovu war eng parlamentaresch Fro vun zwee CSV-Deputéierten, déi vu kontinuéierlecher Verschlechterung vun de Konditioune vun der Ausstellung vum Edward Steichen geschwat hunn. Den CNA ass responsabel fir d’Ausstellung, déi zanter 1994 zu Clierf ze gesinn an zanter 2003 UNESCO Weltkulturierwen ass. Datt et Problemer mat zwee Kompressere vun der Klimaanlag gouf, hunn den CNA-Direkter an de Kulturminister zouginn. Den Eric Thill sot awer och, et hätt een alles am Grëff gehat an déi Ausso huet hien e Mëttwoch nach eemol verdeedegt.

Ech hu kloergestallt, dass ech zu kengem Moment den éischte Pouvoir vun eisem Land ugelunn hunn oder den éischte Pouvoir vun eisem Land net richteg informéiert hunn. Ech hunn déi Informatioune weiderginn, déi meng Experte mir weiderginn hunn. Ech stinn zu deenen Informatiounen. An ech kann et net stoe loossen, dass ech als Kulturminister d’Chamber, den éischte Pouvoir, d’Kommissioun net richteg informéiert hätt.”

De Marc Baum vun déi Lénk seet awer och, hien hätt Donnéeën, déi deem widderspriechen, wat vum Direkter a vum Minister gesot gëtt.

Hie geet dohinner a presentéiert d’Moyenne vum Dag, wat d’Fiichtegkeet a wat d’Temperatur ugeet, mee dat ass awer net esou, wéi et gemooss gëtt. Et gëtt nämlech op Stonne gemooss. An do gesäit een dann, datt et schonn och an där Zäit ganz grouss Fluktuatioune gi sinn, soudatt een net ka soen, datt déi Ausstellung sécher kee Schued gedroen huet.”

D’Deputéiert vun déi gréng Djuna Bernard seet, datt et wuel mol zu punktuelle Feeler ka kommen, et hei awer éischter strukturell Mëssstänn sinn, mat deenen een ze dinn huet.

Dat ass einfach, dass an de Kärkompetenze vum CNA, inclus der “Family of Man”, verschidde Leit einfach feelen an net do sinn, an zum Beispill einfach, fir mech war dat eng Bankrotterklärung vum Direkter, ze héieren, dass keen do ass, fir d’Restauratioun vu Fotoen ze maachen.”

Wéi d’Tageblatt an engem Artikel opgeworf huet, soll de Kontrakt mat der Firma, déi sech ëm de ganze System vum CNA këmmert, ënnert dem neien Direkter Gilles Zeimet geännert gi sinn. Och dat wier an der Kulturkommissioun dementéiert ginn, erkläert den LSAP-Deputéierte Georges Engel.

Déi Behaaptung vun deem Kontrakt, dass dee geännert gouf zur Zäit vun dësem Direkter, dee lo do ass, dat wär net, dat wär net de Fall. Voilà, ech mengen dat sinn nach Faiten, déi dann ze klären, definitiv ze kläre sinn do. Wann déi Behaaptunge jo opgestallt goufen, da muss et jo och iergendzwousch Piècë ginn.”

Deemno en Dossier, deen nach vill Froen opwërft an iwwert dee mer Iech natierlech um Lafenden halen.

Back to Top
CIM LOGO