E Mëttwoch den Owend ass et an den 1/8-Finalle vun der UEFA Champions League mat den nächste véier Allersmatcher weidergaangen.
Real Madrid huet no engem Hattrick vum Federico Valverde mat 3:0 géint Manchester City gewonnen a geet doduerch mat enger komfortabeler Féierung am Réck an de Retourmatch den nächsten Dënschdeg an England. Weider fir Onrou suergt dann den norwegeschen Underdog Bodö/Glimt, dee sech doheem mat 3:0 géint Sporting duerchsetze konnt. Donieft gouf et nach eng 5:2-Victoire fir de PSG géint Chelsea an en 1:1 Remis tëscht Leverkusen an Arsenal.
Real Madrid - Manchester City 3:0
1:0 Valverde (20'), 2:0 Valverde (27'), 3:0 Valverde (42')
D’Gäscht aus England sinn de Match an deenen éischte Minutte mat engem fréie Pressing ugaangen an hu probéiert, de Ball op hirer Säit ze halen, wärend Real éischter op Ëmschaltsituatioune gewaart huet. An der 20. Minutt ass d’Lokalekipp dann a Féierung gaangen, nodeems e laange Ball vum Courtois de Federico Valverde fonnt huet, deen dann den Gianluigi Donnarumma iwwerwannen an de Ball an den eidele Gol schéisse konnt. Nëmme siwe Minutte méi spéit war et dann op en Neits de Valverde, deen no engem Zouspill vum Vinicius Jr op 2:0 erhéicht huet. Duerno war Real Madrid weider déi besser Ekipp um Terrain an nach virun der Paus sollt de Fede Valverde da säin Hattrick perfekt maachen. No engem Chip vum Brahim Diaz huet den Uruguayer de Ball gekonnt laanscht den Defenseur gehuewen an da per Volley getraff.
No enger exzellenter éischter Hallschent vu Real waren déi Kinneklech och no der Paus weider um Drécker. ManCity konnt réischt no enger gudder Stonn e bësse méi Zuch a Richtung géigneresche Gol kreéieren, ouni datt et awer eng richteg gutt Chance gouf, fir ze verkierzen. Bescht Méiglechkeet ass et just duerch en onkonzentréierte Moment vun der kinneklecher Defense ginn, wou den O’Reilly aus zéng Meter mat der Spëtzt vum Fouss zum Ofschloss komm ass, ma de Courtois mat engem staarke Reflex paréiere konnt. Real ass et duerno gelongen, d’Féierung sécher iwwer d’Zäit ze bréngen.
PSG - Chelsea 5:2
1:0 Barcola (10'), 1:1 Gusto (28'), 2:1 Dembélé (40'), 2:2 Fernandez (57'), 3:2 Vitinha (74'), 4:2 Kvaratskhelia (86'), 5:2 Kvaratskhelia (90+4')
Bodö/Glimt - Sporting 3:0
1:0 Fet (32'), 2:0 Blomberg (45+1'), 3:0 Högh (72')
Leverkusen - Arsenal 1:1
1:0 Andruch (46'), 1:1 Havertz (89')
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.