
Ënnert de sechs Doudesaffer vun der Brandkatastroph an engem Schwäizer Bus ass d’Moderatorin Lara Baumgartner vu Radio Energy Bern. Si wier e wonnerbare Mënsch an eng aussergewéinlech Kolleegin mat feinem Humor a grousser Häerzlechkeet gewiescht, sou de Radiosender an engem Statement op de Soziale Medien. Déi ganz Ekipp wier déif getraff an a Gedanke bei hirer Famill an hiren Noosten.
Den Ermëttlungen no soll sech e ronn 60 Joer ale Mann am Bus mat Bensinn iwwergoss an ugefaangen hunn. Dem Parquet no géif näischt op en terroristescht Motiv hindeiten. De Mann aus der Schwäiz wier den Ermëttler no scho mol opfälleg gi gewiescht a kéint ënner psychesche Problemer gelidden hunn.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu