
Är Gesondheet an déi vun Äre Léifsten ass Är iewescht Prioritéit. Och wa Lëtzebuerg eent vun de beschte Gesondheetssystemer vun der Welt huet, gi verschidden Dokteschkäschten net vun der obligatorescher Versécherung ofgedeckt. An hei kënnt d’Zousazgesondheetsversécherung an d’Spill, eng Versécherung, déi onëmgänglech ass, fir d’Gesondheetskäschten, déi net rembourséiert ginn, am Grëff ze hunn.
Och mat enger obligatorescher Gesondheetsversécherung gi verschidde käschtenintensiv Behandlungen, z. B. fir Zänn, Orthodontie, Brëller, Lënsen an Operatiounen un den Aen, genee ewéi Consultatioune bei engem Spezialist, dacks nëmmen deelweis oder esouguer guer net rembourséiert. Duerch den Ofschloss vun enger Zousazgesondheetsversécherung kann een dës Lächer stoppen an dofir suergen, datt weider Gesondheetskäschten iwwerholl ginn.
Beim Choix vun där richteger Zousazversécherung geet et awer net nëmmen drëm, déi reschtlech Fraisen ofzedecken. Et geet och drëm, Zougang zu méi héichwäertege Fleegeleeschtungen, zu Wellness- a Preventiounsservicer, déi am traditionelle Gesondheetssystem dacks vergiess ginn, ze kréien. Dës Virdeeler kënnen de ganzen Ënnerscheed an Ärem Gesondheetsparcours maachen, andeem se Iech erlaben, Äert Wuelbefannen ze erhalen a gesondheetleche Problemer virzebeugen.
Entdeckt EASY HEALTH vun DKV Luxembourg, eng ëmfaassend Léisung, fir Är medezinesch Besoinen ze erfëllen an Äert gesamtheetlecht Wuelbefanne sécherzestellen. Mat EASY HEALTH profitéiert Dir vun enger méi breeder Ofsécherung fir Dokteschkäschten. Dozou zielen:
Dat ass awer nach net alles: Mat der integréierter TRAVEL-Garantie+ bitt EASY HEALTH Gesondheetsschutz bei all Äre Reesen an d’Ausland, an zwar ouni zousätzlech Käschten. Wann Dir en Accident hutt oder krank gitt, ginn Är Behandlungskäschten am Ausland iwwerholl: Ënnersichungen, Medikamenter, Hospitalisatioun, Operatiounen, Behandlunge fir d’Zänn an, wann néideg, Äre Récktransport.
Den exklusive Service BEST CARE+ garantéiert séier medezinesch Hëllef am Fall vun enger schwéierer Krankheet. Dir kritt bannent 5 Schaffdeeg e Rendez-vous bei engem Spezialist, en zweeten Avis an eng detailléiert Recommandatioun fir déi spéider Behandlung. Wann eng Operatioun néideg ass, këmmert EASY HEALTH sech ëm d’Organisatioun.
All eenzel Persoun huet hir eege Besoinen, wann et ëm d’Gesondheet geet. D’Ekipp vun DKV Luxembourg ass do, fir Iech ze hëllefen, déi Zousazversécherung auszewielen, déi op Är spezifesch Besoinen zougeschnidden ass. Schützt Iech schonn haut mat EASY HEALTH vun DKV Luxembourg a profitéiert dovun, Äre Kapp komplett a Rou leeën ze kënnen.