
Fir Äre Liewensstandard och an der Pensioun ze halen, ass et wichteg haut scho Virbereedungen ze treffen!
Mat der ëmmer méi héijer Liewenserwaardung sinn, an der Moyenne, d’Prestatiounen, déi mir an der Pensioun ausbezuelt kréien, duebel esou héich wéi dat, wat mir wärend eiser berufflecher Karriär cotiséieren. Dofir klamme säit e puer Joer d’Suergen doriwwer, wéi laang de Lëtzebuerger Staat déi aktuell gesetzlech Pensiounen oprecht erhale kann. Et ass also absolut noutwendeg, Är Zukunft gutt virzebereeden. Entdeckt all déi wichteg Punkten, op déi Dir musst oppasse fir déi beschtméiglechst Pensioun virzegesinn.
Wosst Dir, dass d’Steiergesetz eng ganz Rëtsch un interessante Virdeeler bitt? All Joer kënnen d’Primme vun Ärem Pensiounsplang Äert besteierbaart Akommes reduzéieren. Dir kënnt dës als „Dépenses Spéciales“ an Ärer Steiererklärung uginn:
Wärend der Dauer vun Ärem Kontrakt profitéiert Dir deemno all Joer vu bedeitende Steiererspuernesser andeems Dir de Betrag vun de bezuelte Primmen ofsetzt. Soumat kënnt Dir haut vum Liewe profitéieren an Iech mat engem gudde Restaurant oder enger Vakanz verwinne, wärend Dir gläichzäiteg Är Pensioun virbereet!
Et ass kee Geheimnis: wat Dir méi jonk fir Är Pensioun spuert, wat d’Kapital um Enn méi grouss ass. Et also unzerode mat Zäiten ze handelen, well de Montant vun der gesetzlecher Pensioun warscheinlech net wäert duergoe fir Äre Liewensstandard no Ärem beruffleche Liewen ze halen. Ouni Virbereedunge wäert Äert Akommes sech drastesch reduzéieren.
Als Privatpersoun hutt Dir mat easyLIFE Pension vu LALUX d’Wiel tëschent zwou verschiddene Formelen:
Da berechent elo Är Steiererspuernesser mam Simulator vu LALUX. An e puer Klicks kann dëse Simulator schätzen, wéi vill Steieren Dir mat easyLIFE Pension spuere kënnt.