
De Laurent Peusch vun der adem hëlleft aktiv bei der Sich
Bis 18:00 huet den RTL Jobdag seng Dieren an der City Concorde op. Dee Moment waarden net manner wéi 100 Patronen op dee Richtegen, deen op hir Ausschreiwung passt. D’Zuele vum Aarbechtsmaart weisen de Moment net an déi richteg Richtung. An nawell siche vill Patronen no Leit, déi se net fannen.
6.888 fräi Plazen weise sech u wann een op jobdag.lu sicht. An elo kënnt haut déi grouss Jobfoire derbäi. De Laurent Peusch vun der adem weess wéi ee sech uleet.