Futtball: FrëndschaftslännermatchLëtzebuerg muss sech no couragéiertem Optrëtt 0:1 géint Italien geschloe ginn

Steven Milbert
Am Kader vun engem Frëndschaftslännermatch virun der Weltmeeschterschaft sinn d'Rout Léiwen e Mëttwochowend am Stade de Luxembourg op d'Gäscht aus Italien getraff.
© Val Wagner

Am Virfeld vun der Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko testen all d'Natiounen uechter d'Welt den Ament a Frëndschaftslännermatcher, ob si prett si fir d'WM oder ob op e puer Plazen nach Schrauwe gedréint musse ginn. Op der WM ass Italien no der Defaite am Eelefmeterschéisse géint Bosnien allerdéngs net dobäi an aus dësem Grond ass d'Squadra Azzurra e Mëttwoch zu Lëtzebuerg mat 19 Spiller ugetrueden, déi nach ni fir d'Italieener en A-Lännermatch gespillt hunn. Dëst huet Hoffnung gemaach, datt d'Rout Léiwen, déi bis ewell eng ganz schwaach Statistik géint d'Italieener opweises hunn, eventuell eng Victoire géint den haushéije Favorit aus dem Süde vun Europa afuere kéinten.

Um Enn sollten d'Lëtzebuerger, och no engem couragéierten Optrëtt, näischt un der schlechter Statistik géint d'Italieener ännere kënnen. No 90 Minutte mussen d'Rout Léiwen sech mat 0:1 géint d'Squadra Azzurra geschloe ginn, déi sech an den decisive Momenter äiskal gewisen hunn an esou d'Lëtzebuerger bezwénge konnten. D'Lëtzebuerger, déi eng gutt Prestatioun gewisen a sech eigentlech näischt virzewerfen hunn, musse fir den nächste Match géint Albanien de 6. Juni un der leschter Prezisioun schaffen, fir sech do dann als Gewënner manifestéieren ze kënnen.

Déi bescht Zeenen aus dem Match

Déi bescht Zeenen aus der éischter Hallschent
No den éischte 45 Minutte stoung en 0:0 um Bou vum Match

Lëtzebuerg - Italien 0:1

0:1 Esposito (49')

D'Spectateure kruten zu Lëtzebuerg eng éischt Hallschent ze gesinn, an där d'Lëtzebuerger den Italieener gutt Paroli gebueden hunn. Esou hu sech d'Rout Léiwen eng sëllege Kéieren gutt no vir kombinéiert, allerdéngs huet et bei der decisiver Pass ëmmer un der leschter Prezisioun gefeelt. Geféierlech war et op Lëtzebuerger Säiten ëmmer wann den Thill an de Sinani un den Aktioune bedeelegt waren. Esou wéi an der 18. Minutt, an där de Sinani de Ball flaach fir den Olesen opgeluecht huet, deen du mat sengem Schoss de Gol awer däitlech verfeelt huet. Den Thill war dogéint an der 29. Minutt geféierlech virum Gol vum Donnarumma opgedaucht, allerdéngs konnt säi Schoss vun engem italieeneschen Defenseur geblockt ginn. Kuerz virum Téi hat de Sinani dunn déi beschten Occasioun fir d'Lëtzebuerger um Fouss leien: Iwwert déi riets Säit huet sech den eemolege Sankt-Pauli-Spiller an de Strofraum gedribbelt an huet dunn aus spatzem Wénkel ofgezunn. Säi Ball sollt awer iwwert de Gol ewechfléien.

D'Italieener hate sécherlech net mat esou engem couragéierten Optrëtt vun de Léiwe gerechent, esou hu si e puer Minutte gebraucht, fir an de Match ze fannen, soudatt si am Ufank just iwwer Standardsituatioune geféierlech gi sinn: Esou konnt de Lipani an der 8. Minutt e Corner vum Bartesaghi net op de Gol käppen. Doropshi sinn d'Italieener besser an de Match komm an hunn op Feeler vun de Lëtzebuerger gelauert, fir dës dann auszekonteren. Genee esou eng Situatioun wollt de Koleosho an der 13. Minutt ausnotzen, allerdéngs huet de jonken Italieener säi Schossversuch vëlleg verzunn. Doriwwer eraus waren d'Italieener, wa se eng Kéier am Lëtzebuerger Strofraum waren, ze verspillt. Esou huet den Esposito an der 24. Minutt probéiert, fir de Ball mam Tallek am Gol ënnerzebréngen an an der 28. Minutt huet dësen och zum Fallrückziher ugesat. Béid Versich sinn awer nieft dem Gol gelant. An der 44. Minutt sinn d'Italieener dann zu hirer beschter Chance komm. De Koleosho war schéin an d'Lach geschéckt ginn an ass eleng virum Moris opgedaucht. De Lëtzebuerger hat am 1-géint-1 allerdéngs de längeren Otem, soudatt en de Géigegol verhënnere konnt. Deemno ass et mat engem leeschtungsgerechten 0:0 an d'Kabinne gaangen.

Den 1:0 fir d'Italieener
Äiskal verwäert den Esposito de Corner vum Pisilli

Nom Téi sinn d'Italieener mat voller Vitess aus de Kabinne komm an hunn d'Lëtzebuerger ferm ënner Drock gesat. Esou ass an der 47. Minutt den Ndour an de Strofraum agedrongen an huet säi Gléck mat engem Schoss probéiert. Dëse sollt awer iwwert de Gol goen. Mä d'Italieener hu weidergemaach a konnte sech esou schonns an der 49. Minutt fir hiren Optrëtt an der zweeter Hallschent belounen. De Pisilli huet e Corner an de Strofraum bruecht, wou den Esposito goldrichteg stoung an dëse mam Kapp fir seng Faarwen zum 1:0 verwäerte konnt. D'Gäscht hunn net labber gelooss an hunn op den zweete Gol gedréckt, mä de Pisilli sollt bei sengem Schoss aus kierzter Distanz an der 59. Minutt just de Potto treffen. D'Lëtzebuerger waren nom Géigegol net méi esou couragéiert, ewéi an den éischte 45 Minutten. Den Thill huet et wuel weiderhi probéiert, mä ëmmer nees stoung en Italieener am Wee, esou wéi bei sengem Schoss an der 50. Minutt.

Et huet bis an déi 64. Minutt gedauert, ier datt Lëtzebuerg déi éischt richteg gutt Golchance verbuche konnt. De Moreira ass iwwert déi lénk Säit marschéiert an ass an de Strofraum agedrongen. Do ukomm huet de Lëtzebuerger ofgezunn, allerdéngs ze zentral, soudatt den Donnarumma de Ball ouni Problemer opfänke konnt. An der 72. Minutt sollt et du bal fir déi zweete Kéier am Lëtzebuerger Gol rabbelen. D'Léiwe kruten en héije Ball net gekläert, soudatt dëse beim Fini gelant ass, deen de Ball direkt geholl an en an den zweete Stack gedonnert huet. Gléck fir Lëtzebuerg, do wier méi dra gewiescht fir d'Squadra Azzurra. An der Schlussphas hunn d'Lëtzebuerger nach eng Kéier alles ginn a si mat Mann a Maus ugelaf. Eng konkret Golchance sollt bei all deene Versich awer net méi raussprangen, soudatt Italien um Enn, opgrond vun de gudden éischte Minutten an der zweeter Hallschent, verdéngt, awer ouni Glanz a Gloria mat 1:0 géint Lëtzebuerg gewënnt. D'Lëtzebuerger hu wuel alles ginn, allerdéngs hu si an den decisive Momenter déi néideg Prezisioun vermësse gelooss, déi si awer schonn de 6. Juni, wann et géint Albanie geet, nees un den Dag leeë kënnen.

Back to Top
CIM LOGO