"First Dog"De Major dierf zréck an d'Wäisst Haus

RTL Lëtzebuerg
No knapps 2 Méint hat hien d'Wäisst Haus wéinst aggressivem Verhale musse verloossen, elo däerf en erëm zréck: dem US-President Joe Biden säin Hond Major.
© AFP/Archives/JIM WATSON

Den 3 Joer ale Schéiferhond hat deemools een Employé an ee Sécherheetsbeamten ugesprongen a liicht blesséiert. “Et ass e léiwen Hond”, sot den Joe Biden e Mëttwoch an engem Interview. De Mupp hätt déi 2 Persounen net kannt. “Si hu sech beweegt, an hien huet sech beweegt, fir ze beschützen”.

De Major, deen d’Koppel Enn 2018 aus engem Déierenasyl adoptéiert hat, war no dëser Geschicht mat sengem véierbeenege Kolleeg Champ zréck an d’Haus vun der Biden-Famill am Bundesstaat Delaware geplënnert. Dem US-President no wier dëst awer net wéinst dem Virfall geschitt, hie wier einfach “heem gaangen”, well d’Koppel e puer Deeg fort gewiescht wier.

De jonke Schéiferhond géif awer den Ament “gewinnt ginn”. D’Wäisst Haus wäert deemno net méi laang ouni déi zwee “First Dogs” bleiwen.

Liest dozou och dësen Artikel

Back to Top
CIM LOGO