Vum 26. bis den 31. Mee huet d'Team Lëtzebuerg an Andorra ëm Medaile gekämpft.
Eng Woch voller Schweess a spannenden, emotionalen an onvergiessleche Momenter ass fir déi Lëtzebuerger Delegatioun e Samschdeg an Andorra op en Enn gaangen. Déi 20. Spiller vun de klenge Länner sinn eriwwer.
Wärend deene leschten Deeg gouf et 32 Mol Gold, 27 Mol Sëlwer a 27 Mol Bronz fir d'Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen. Um Enn steet een op der 2. Plaz am Medailespigel. Laangfristeg wëll een nees un d'Spëtzt kommen, dat d'Ausso vum Chef de mission Laurent Carnol am Bilan-Interview.
Hei fannt Dir all d’Resultater am Iwwerbléck.
Erlieft am Video an an der Fotogalerie nach emol déi bescht Amenter.
Spiller vun de klenge Länner: Déi bescht Fotoe vum Fernand Schmitz
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies