"Eis Erwaardunge goufen erfëllt", sou de Chef de mission Laurent Carnol
E Samschdeg sinn d'Spiller vun de klenge Länner an Andorra op en Enn gaangen. Lëtzebuerg steet um Enn op Plaz 2 am Medailespigel.
Déi Responsabel vum Lëtzebuerger Olympesche Kommitee si méi ewéi zefridde mat de Leeschtungen a Resultater bei dëse Spiller vun de klenge Länner. "Eis Erwaardunge goufen erfëllt. A verschiddene Sportaarten och iwwertraff, sou de Chef vun der Delegatioun, Laurent Carnol, am RTL-Interview no der Ofschlosspressekonferenz e Samschdeg am Nomëtteg.
"Positiv ervirzehiewen, mir hunn an alle Sportaarte Medaile gewonnen", sou de fréiere Schwëmmer weider.
Dës Spiller hätte bewisen, dat ee kompetitiv op dësem Niveau wär. An datt ee mat de stäerkste Länner Zypern an Island mathale kéint. "Am Medailespigel si mir op Plaz 2. Eis Ambitioun muss et sinn, spéitstens 2029 op éischter Plaz ze stoen", esou de Laurent Carnol.
Déi richteg Léiere missten elo vun dëser Editioun gezunn a sech kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn.
Iwwer d'Resultater vum leschte Kompetitiounsdag sinn déi Responsabel ganz zefridden. Als "super Dag" beschreift de Missiounschef de Samschdeg. Vëlo, Liichtathletik an de Volleyball hieft de COSL-Member ervir.
Am Interview seet de Laurent Carnol, dass d'Spiller vun de klenge Länner en héije Stellewäert beim Lëtzebuerger Olympesche Kommitee hätten. Si wären eng wichteg Plattform fir d'Athleten a wieren eng wichtig Motivatioun fir Sportler aus dem Grand-Duché.
"Am Vëlo hu mir an allen Disziplinne Medaile gewonnen. De Volleyball huet eis positiv iwwerrascht. Am Dëschtennis hu mir och an allen Disziplinne Medaile kritt an am Tennis ware mir an allen Epreuven an der Finall", sou e ganz begeeschterte Laurent Carnol.
Déi gutt Ambiance am "Team Lëtzebuerg" gouf nach wärend dem Bilansgespréich ënnerstrach an déi vill Lëtzebuerger Supporter hätten hiren Deel dozou bäigedroen.
Frou si se beim COSL och, dass fënnef Olympionike vu Paräis dobäi waren. Dat selwecht gëlt fir d'Jenny Warling. Si wären e Virbild fir all déi jonk Sportler. "Den Alex Kirsch huet eng Leaderroll a senger Ekipp a beim Staff iwwerholl. Et ass wichteg, esou Profie bei de Spiller dobäi ze hunn", dat ënnersträicht de fréieren Olympionik, Laurent Carnol.
D'Horairen an d'Reglementer, déi kuerzfristeg changéiert goufen, empfënnt ee beim COSL als net glécklech. "Verschidde Sportler goungen owes an d'Bett ouni ze wëssen um wéi vill Auer si den Dag drop hir Kompetitioun hätten. Sou eppes dierft net virkommen", sou de Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun.
D'Organisatioun vun esou engem Evenement wär fir kleng Länner awer eng gewalteg Erausfuerderung. Zemools fir e Land ewéi Andorra mat knapps iwwer 80.000 Awunner. "Dann ass och den Organisatiounskommitee net ganz grouss opgestallt". Mat de Sportinfrastrukture war ee beim COSL ganz zefridden, och wann een zu Lëtzebuerg eppes aneres gewinnt wier. De Chef de mission huet deene méi klengen Infrastrukturen och eppes Positives ofgesinn, esou wieren dës nämlech ëmmer gutt gefëllt gewiescht an et wier eng gutt Ambiance gewiescht.
Den Transport gouf ugeschwat. Do war de COSL selwer mat vill Autoen op der Plaz, ënnert anerem och der vun der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun. Dat wier och gutt gewiescht, well et hätt ee sech an den éischten Deeg komplett nei opstelle missen. Mat den eegene Gefierer wier et logistesch e gutt Stéck méi einfach gewiescht an et hätt een d'Athleten séier op déi eenzel Sportstätte kritt.
De COSL wäert an den nächste Méint nach eng méi déifgräifend Analys vun de JPEE 2025 machen.