Am Dëschtennis huet d'Ekipp vun den Hären am Dubbel déi nächst Goldmedail fir Lëtzebuerg bei de Spiller vun de klenge Länner geséchert.

An der Gruppephas war et fir den Tim Scholtes an de Maël van Dessel fir den Optakt eng 3:1-Victoire géint Island ginn, dann eng 1:3-Defaite géint San Marino an zum Schluss nach en 3:0-Succès géint Montenegro. An der 1/2-Finall ass et als Zweete vum Grupp B da géint den Éischte vum Grupp A gaangen. Dat waren d'Favoritten aus Malta, déi virun de Spiller fir Kontroverse gesuergt haten, well se de malteesesche Champion net nominéiert haten an amplaz auslännesch Spiller rekrutéiert hunn.

Géint den Dmitrij Prokopcov an de Felix Wetzel huet sech de Lëtzebuerger Dubbel dann och an den éischten zwee Sätz mat 3:11 a 7:11 misse geschloe ginn. Ma den Tom Scholtes an de Maël van Dessel hunn net opginn a konnten déi dräi nächst Sätz mat 11:7, 11:6 an 13:11 iwwerraschend fir sech entscheeden, sou datt et fir si weider an d'Finall gaangen ass.

Do huet dann Zypern gewaart. De Momentum aus dem Match virdru konnt d'Lëtzebuerger Ekipp hei weider halen a sech no engem 3:0-Succès géint de Sharpel Elia an de Marios Yiangou d'Goldmedail sécheren.

Dëschtennis-Dubbel Scholtes a van Dessel iwwerrascht a wënnt Gold
Am Dëschtennis huet d'Ekipp vun den Hären am Dubbel déi nächst Goldmedail fir Lëtzebuerg bei de Spiller vun de klenge Länner geséchert.

Fir d'Lëtzebuerger Damme gouf et am Doublé vum Dëschtennis d'Bronzemedail. An den 1/2-Finalle gouf et eng 1:3-Defaite géint Malta. Datt ee schonn an der Halleffinall op den Toppfavorit getraff ass, huet un der Gruppephas-Néierlag géint San Marino geleeën.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.