E Samschdeg gouf et Medailen a ville Sportaarten: Liichtathletik, Tennis, Basket, Volleyball, Cyclissem an der rhythmescher Gymnastik.

Am Ganze gouf et um leschten Dag vun de Spiller vun de klenge Länner an Andorra 11 Goldmedailen, 6 Sëlwermedailen a 5 Bronzemedailen.

Duerch dëse staarke leschten Dag ass d'Team Lëtzebuerg am Medailespigel nach emol no un Zypern erukomm. Zypern op der éischter Plaz kënnt um Enn op 36 Goldmedailen, 30 Sëlwermedailen an 42 Bronzemedailen. Lëtzebuerg krut 32 Goldmedailen, 27 Sëlwermedailen a 27 Bronzemedailen. Op der drëtter Plaz huet sech Island klasséiert mat 26 Goldmedailen, 22 Sëlwermedailen a 27 Bronzemedailen.

Am Team Lëtzebuerg hunn d'Schwëmmer traditionell vill Medaile gesammelt. Am Ganze goufen et der 22. Am Dëschtennis an am Tennis stoung bei all Competitioun op d'mannst ëmmer een FLTT- respektiv FLT-Vertrieder um Podium an och am Cyclissem war ee bei all Course um Podium present, gréisstendeels souguer mat zwee Athleten. A bei der Première vum Karate bei de Spiller vun de klenge Länner gouf et direkt dräi Mol Gold fir Lëtzebuerg.

Réckbléck op de leschten Dag

Cyclissem

An der Stroossecourse vun den Damme gouf et direkt zwee Mol Gold. D'Marie Schreiber an d'Nina Berton sinn zesummen iwwer d'Arrivée an och am Fotofinish konnt keng Gewënnerin ermëttelt ginn. Um Enn krute si allebéid Gold. Bei den Hären huet de Mats Wenzel virum Alex Kirsch Gold gewonnen.

Fir béid Vëlosekippe gouf et och Gold mat der Ekipp.

De Resumé a Reaktioune vun Nina Berton, Marie Schreiber, Mats Wenzel an Alex Kirsch fannt Dir hei am Artikel.

Liichtathletik

E staarke leschten Dag hunn och d'Liichtathleten erwëscht. Fir d'4x400m Staffel gouf et Gold mat engem neien nationale Rekord. D'Victoria Rausch huet Gold iwwer 100m Hecken gewonnen a mat der 4x100m Staffel gouf et Bronze. Am Wäitsprong gouf et bei den Damme Gold fir d'Elody Koffi a Bronze fir d'Anna Lensment. Bei den Häre war et Sëlwer fir de Louis Müller. An da gouf et nach zweemol Bronze fir den David Friederich an d'Uyana Granget iwwer 400m Hecken.

Basket 

An Andorra waren nëmmen d'Damme mat dobäi, well ee bei den Hären net genuch Ekippen zesummekritt hat. Meynadier a Co. hunn et bis an d'Finall gepackt. Do gouf et no engem spannende Match eng 56:68-Néierlag géint Montenegro. Aus Lëtzebuerger Siicht eng batter Néierlag, hat ee scho géint Montenegro den Ticket fir d'EM verpasst.

Volleyball

Am Volleyball hunn d'FLVB-Ekippen den Exploit fäerdeg bruecht, fir souwuel bei den Häre wéi och bei den Damme Gold ze gewannen. Béid Ekippen hu missen iwwer fënnef Sätz goen. D'Damme waren 0:2 géint Zypern hannen, ma konnten um Enn mat 3:2 gewannen. Fir d'Häre war et och eng 3:2-Victoire.

Am Beach-Volleyball gouf et Sëlwer fir d'Damme Rebekka Klerf an Eline Delcourt. Bei den Häre gouf et leider keng Medail, de Colin Hilbert hat sech am zweetleschte Match blesséiert, deen Ament huet een nach ëm Gold gespillt.

Fannt hei den Artikel mat Reaktiounen an de Resuméë vun de Finallen.

Rhythmesch Gymnastik

Nodeems een d'Medail par équipe knapp verpasst huet, huet d'Elena Meysembourg mam Reef Bronze gewonnen.

Tennis

Déi lescht Goldmedail vun de Spiller vun de klenge Länner an Andorra ass un d'Marie Weckerle an den Alex Knaff gaangen. Si hu sech am Dubbel-mixed behaapt. Donieft hu si och am Eenzel nach emol Sëlwer mat heem geholl.

RTL

© Pawel/FLA @fot.pawelskraba

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.