Um leschten Dag vun de Spiller vun de klenge Länner sinn och d'Competitioune vun de Vëlosfuerer op en Enn gaangen.

E staarken Optrëtt gouf et op de Spiller vun de klenge Länner vun der Lëtzebuerger Vëlosnationalekipp.

An all Course stoung op d'mannst ee Coureur um Podium. Am Zäitfuere war et Gold fir d'Marie Schreiber a Sëlwer fir d'Nina Berton. Bei den Hären huet sech den Alex Kirsch Sëlwer geséchert an de Mats Wenzel Bronze.

Am Mountainbike war et Sëlwer fir d'Liv Wenzel.

An an der Stroossecourse gouf et souguer zwee Mol Gold. Dat fir d'Marie Schreiber a fir d'Nina Berton. Si waren zäitgläich ukomm an och am Finish war net ze erkennen, wien d'Nues eventuell e Millimeter virgehat hätt. Um Enn goufe si zwee zur Gewënnerin erkläert.

Bei den Hären huet sech de Mats Wenzel Gold geséchert an den Alex Kirsch ass als Zweeten ukomm. Da gouf et do och nach zweemol Gold am Ekippeklassement.

Stroossecourssen an Andorra am Resumé
Bei den Damme gouf et gläich zwee Mol Gold a bei den Häre Gold a Sëlwer. An dann och nach Gold par équipe.
Nina Berton a Marie Schreiber am Interview
Si sinn an der Stroossecourse zesummen iwwer d'Arrivée gefuer.
Mats Wenzel an Alex Kirsch am Interview
Si hu sech an der Stroossecourse Gold a Sëlwer geséchert.

De Resumé vun der Dammecourse

Kuerz no 9 Auer e Samschdeg de Moie sinn d'Damme fir hir Course un den Depart gaangen. 6 kleng Tier vu 6,5 Kilometer plus ee grousse vu 17 Kilometer, mat engem Bierg vu 4  Kilometer, hat de Peloton ze fueren. Scho fréi an der Course huet d'FSCL-Ekipp eescht gemaach an déi 2 Profie Schreiber a Berton konnten sech no enger éischter Attack ofsetzen. Am Peloton hunn d'Geschwëster Barthels a d'Liv Wenzel, kontrolléiert. An enger éischter Phas hunn d'Islännerinne probéiert, fir den Ecart a Grenzen ze halen, déi 2 Lëtzebuerger Dammen, déi och Gold a Sëlwer am Zäitfuere gewonnen haten, hunn hir Avance awer ëmmer weider ausgebaut. 
Am leschte groussen Tour ass et an de Bierg gaangen. D'Nina Berton huet fir e reegelméissegen Tempo gesuergt an de Lëtzebuerger Staf konnt déi zwou Dammen aus dem Auto eraus ufeieren. No der Descente ware béid Dammen nach ëmmer zesummen, hannendrun, dat mat engem grousse Retard, koum eng Konkurrentin aus San Marino. Zesumme sinn d'Nina Berton an d'Marie Schreiber och déi lescht Kilometeren gefuer a konnte sech matenee freeën, nom Zäitfuere gouf et op en Neits Gold an zwar fir déi zwee.

D'Bronzemedail ass un d'Valentina Venerucci aus San Marino gaangen. D'Liv Wenzel huet sech hirersäits als 4. klasséiert. Fir d'Layla an d'Maïté Barthels waren et d'Plazen 5 a 7.

Gold gouf et och nach an der Ekipp.

De Resumé vun der Härecourse

Och bei den Hären hat Lëtzebuerg eng staark Ekipp um Depart. Vun Ufank u war et enge séier Course mat villen Attacken. Op deem klengen Tour war et nervös an dacks gouf et kleng Cassuren ouni datt awer ee sech wäit konnt ofsetzen. Den Tim Diederich war an eng Chute verwéckelt, et huet eng Zäitche gedauert bis hie mat vill Courage nee zréck am Peloton war, fir senge Coequipieren ze hëllefen. D'Entscheedung ass am leschten Tour, deem groussen iwwer 17 Kilometer gefall. De Mats Wenzel hat sech zesumme mam Zypriot Zabelisnkiy ofgesat, huet deen awer um Fouss vum Bierg stoe gelooss. Hannendrun ass de Peloton komplett explodéiert. Den Alex Kirsch wa mam Monegass Velasquez aus dem Verfollgergrupp fortgefuer an huet dee kontrolléiert. Iwwer de Sommet ewech huet de Lidl-Trek-Profi attackéiert an ass als Zweeten hannert dem Mats Wenzel an d'Descente gaangen. Nom Biergof hat de Mats Wenzel eng 20 Sekonnen Avance op de Kirsch a konnt säin Effort bis op d'Arrivée duerchzéien. Den Alex Kirsch huet sech do hannendru Sëlwer geséchert a Bronze war fir de Monegass Velasquez. De Loïc Bettendorff ass als 5. ukomm, deemno war et och Gold an der Ekipp fir d'FSCL Männer.