Vum 7. Mee bis den 18. Oktober ginn et Expoen an der Stad an zu Ettelbréck

Do ginn d’Visiteuren dozou invitéiert, aktiv un den Iwwerleeungen iwwer d’Zukunft vun eise Stied matzemaachen.
D’Zil vun der grousser Open-Air-Ausstellung ass et, d’Natur mat dem urbane Raum ze verbannen. Op fënnef Plazen an der Stad an zu Ettelbréck kënnen d’Leit méi iwwer d’Diversitéit vum letzebuergeschen Ökosystem erausfannen.
D’LUGA-Ausstellung soll Iddien ervirbréngen, fir eis Stied méi ëmweltfrëndlech an nohalteg ze maachen. Et wéilt ee virun allem weisen, wéi divers an dynamesch déi modern Landwirtschaft ass, erkläert d’Landwirtschaftsministesch, Martine Hansen:
“Eis Bauere produzéiere Liewensmëttel, eis Bauere, Gäertner a Wënzer. An d'Liewensmëttelsouveränitéit, d'Liewensmëttelproduktioun ass de Mëttelpunkt u sech vun eis alleguerten. Dofir ass et extreem wichteg, datt mer och weisen, wat mer hei zu Lëtzebuerg schonn alles ubauen, wéi d'Bauere schaffen, wéi d'Wënzer schaffen. Dofir ass et fir eis wichteg, datt mer d'Konsumenten u sech mat de Produzente beienee bréngen an dat kënne mer hei zu Ettelbréck maachen.”
Et wéilt een esou Loscht op d’Land, Kultur an d’Landwirtschaft maachen. An dem Kader wëll een d’Liewensproduktioun an déi verschidde Beruffer am Secteur de Leit méi no bréngen.
De Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck, Bob Steichen, hofft, dass d’Ausstellung sech positiv op d’Stad auswierkt:
“Natierlech ass den Haapthighlight natierlech an der Stad Lëtzebuerg, mee wa mer et fäerdegbréngen, datt een Deel vun deene Leit dann och hei an d'Regioun kënnt, hei op Ettelbréck kënnt, sech de Programm hei och ukuckt, dann hu mer natierlech eng Plus-value geschafft fir eis Geschäftsstad, fir insgesamt all eis Acteuren hei an der ganzer Regioun. An ech mengen, all Tourist an all Dagesbesicher, deen heihinner kënnt, dat bréngt jo einfach eng Plus-value. An op där anerer Säit sollt et awer eng gewëssen Dynamik duerstelle vun där ganzer Regioun, datt mer eis gutt duerstellen an einfach weisen, datt mer eng interessant Regioun hei am ganze Land sinn.”
Et ginn 23 Themewochen. De Programm ännert sech no de Rhythme vun der Natur an de Joreszäiten an ass dowéinst konstant am Wandel. Et hätt ee sech beméit, fir d’Expo esou ëmweltfrëndlech wéi méiglech ze gestalten, betount d’Coordinatrice vum Projet, Ann Muller:
“Dat Éischt, op dat ee muss oppassen, dass näischt fortgepucht gëtt no deene sechs Méint. A mir hunn, net nëmmen hei zu Ettelbréck, mee och an der Stad, Reglementer, dass d'Material, wat benotzt gëtt, zertifiéiert muss sinn, dass et entweeder recycléiert ass oder duerno recyclabel gëtt, mir planzen zum Beispill keng Beem, déi just fir sechs Méint bleiwen. Also alles ass schonn a senger Dekonstruktioun matgeduecht, fir dass een duerno déi Gäert, wa se missten ofgebaut ginn, an enger anerer Plaz kënnen opgebaut ginn, dass een näischt aus dem Buedem rappt, dass een näischt wechpucht.”
Bei der LUGA 2025 ass fir Grouss a Kleng eppes dobäi. Vun Konschtausstellunge bis hin zu Presentatioune vu lokale Planzen an Ateliere gëtt et ee groussen Choix un Aktivitéiten.
Den 11. Mee gëtt am Kader vun der LUGA-Expo zu Ettelbréck e groussen Erëffnungsfestival mat Musek, Iessen an Aktivitéiten.