E Fest vun Natur, Kultur a Gemeinschaft
No laangem Waarden ass et endlech esou wäit: Um Mëttwoch war den Optakt vun der LUGA.
162 Deeg laang kann een d’Landwirtschaft an d’Natur zu Lëtzebuerg besser kenneléieren. Nodeems schonn 2012 d’Pläng ugefaange goufen, huet déi national Gaardenausstellung elo hir Dieren opgemaach – mat ronn 900 Leit an engem festleche Programm
An der Stad Lëtzebuerg a zu Ettelbréck erwaart d’Visiteure bis den 18. Oktober e Projet vu 17 Kilometer – dovun 11 an der Stad a 6 zu Ettelbréck. Méintelaang gouf un der Expo geschafft. Trotz Problemer bei der Aarbecht wier awer alles mat Zäite fir d’Erëffnung fäerdeg ginn, seet d’Coordinatrice vun der LUGA, Anne Muller:
“Et gëtt ëmmer Schwieregkeeten an esou enger Saach. An ouni Schwieregkeeten wär et total langweileg. Dat heescht, mir sinn bis déi lescht Deeg nach schéin um Trapp gehale ginn, fir Saachen fäerdeg ze kréien. Mee insgesamt kann ech soen, et ass immens gutt gelaf. Mir haten genial Lëtzebuergesch Entreprisen.”
Mat engem Budget vun 22 Milliounen Euro a viller Ënnerstëtzung vu lokalen Entreprisen wier d’LUGA e gemeinschaftleche Projet, den d’Lëtzebuerger Natur méi no bréngt. D’Aarbecht wier awer nach net fäerdeg, erkläert d’Anne Muller:
“Elo ginn d'Gäert dem Public iwwerginn an elo muss et wuessen. An da lueden mer jiddwereen an oft ze kommen, fir och ze kucken, wéi d'Gäert sech verwandelen, mat de Joreszäiten. An dann ass natierlech, muss een et gär fleegen, muss een all Dag duerno kucke goen, ob alles an der Rei ass. Dat ass eng kontinuéierlech Aarbecht.”
Ëmmer rëm verännert sech de Projet. Och d’Stad Ettelbréck gouf duerch de Projet verännert, seet de Buergermeeschter vun Ettelbréck, Bob Steichen:
“Et ass iwwert déi lescht Méint ganz vill an Ettelbréck geschitt, fir eeben deen Deel Luga, deen Ettelbréck soll ofwierken, dat heescht, do si ganz vill eenzel méi kleng Projete realiséiert ginn, dohinner sinn u sech ganz vill Schaupplanzunge gemaach ginn, dat heescht, wou d'Leit wierklech kënnen um Terrain entdecken, wat an der Lëtzebuerger Landwirtschaft alles produzéiert gëtt. An nieft deem muss ech awer och soen, et sinn einfach eis Grénganlagen, alles, et sinn immens vill Beem geplanzt ginn, et huet alles eng gewëssen Dynamik kritt an dat huet einfach zu enger Verschéinerung vum Stadbild iwwert déi lescht Méint wierklech bäigedroen.”
Nieft villen Ausstellunge ginn och lokal Produiten ugebueden, wéi de LUGA-Cremant fir méi wéi e Joer an de Kasematte gelagert gouf. De Samschdeg ass dann och e groussen Opening fir den Grand Public mat Musek, Iessen a verschiddene Aktivitéiten.