Loosst den Dag an der Spezial-Emissioun Revue passéieren
Op wat Dir Iech am Kader vum Nationalfeierdag 2024 an eisem Programm op der Tëlee an am Stream op RTL.lu freeë kënnt, fannt Dir hei eraus.
Den detailléierte Programm vun der Tëlee an dem Livestream
Sonndeg den 23. Juni
E Sonndeg de Moie war an der Philharmonie déi offiziell Zeremonie fir Nationalfeierdag
Eng Première fir de Premier Luc Frieden an de Chamberpresident Claude Wiseler, déi an hire Rieden ënner anerem drop opmierksam gemaach hunn, datt et net selbstverständlech ass, am Fridden ze liewen.
Nieft Éierunge vu Bierger mat besonnesche Meritter gouf et e musikaleschen Encadrement, mat ënner anerem enger Zesummenaarbecht vum "Orchestre philharmonique du Luxembourg" an den dräi Lëtzebuerger Finaliste fir de "Eurovision Song Contest".
11.45 Auer Live: Militärparad aus der Neier Avenue
Déi traditionell Militärparad war och dëst Joer nees an der Neier Avenue op der Gare. Mir hunn och dëst Evenement live iwwerdroen. Kommentar vum Roy Grotz an dem Lieutenant-Colonel Yves Van Camp an dem Lieutenant-Colonel Christopher Schuh.
16.20 Auer Live: Te Deum aus der Kathedral
A Presenz vu Membere vun der Groussherzoglecher Famill an der Regierung gouf et och dëst Joer nees déi traditionell Liveiwwerdroung vum Te Deum an der Kathedral. Kommentar: D'Christiane Kremer an den Abbé Georges Hellinghausen hunn dës fir Iech kommentéiert.
19.00 Auer: Déi bescht Momenter vum Nationalfeierdag 2024
Um 19 Auer konnt Dir dann nach eemol déi bescht Momenter vun der ziviller Zeremonie aus der Philharmonie, der Militärparad an dem Te Deum erliewen.
20.00 Auer op RTL: De Film: "Le voyageur immobile"
"Le voyageur immobile" ass e Film iwwert de Lambert Schlechter, realiséiert vum Serge Wolfsperger. Mam Lambert Schlechter, Valérie Bodson, Andréas Wagner a Claudine Bertrand. Produzéiert vu Bombyx, collectif d’artistes.
20.00 Auer op RTL ZWEE: Rediffusioun vun der Zeremonie, der Militärparad an dem Te Deum
Rediffusioun vun der Spezialsendung ronderëm déi zivil Zeremonie aus der Philharmonie, der Militärparad aus der Neier Avenue an dem Te Deum aus der Kathedral.
Déi flottst Impressioune vum Nationalfeierdag an de Virowenter an eise Fotosgalerien
Op eisem Site hu mir nieft dem Livestream och eng sëllege Fotosgalerië fir Iech, dat vum Virowend vun Nationalfeierdag zu ënner anerem Bartreng, Esch an der Stad, ma och vun Nationalfeierdag selwer aus der Philharmonie, vum Te Deum, vun der Militärparad an anere Plaze queesch uechter d'Land. An och déi flottsten Andréck vum Stater Fakelzuch an dem Freedefeier wäerten natierlech net feelen.
All d'Fotosgalerië ronderëm Nationalfeierdag fannt Dir hei regroupéiert.