De laange Weekend vum 21. Juni steet ganz am Zeeche vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag.

Déi lescht fir d'groussherzoglech Koppel an hirer aktueller Charge an duerfir dann och op deem selwechte Weekend d'Festlechkeete fir 25 Joer Règne vum Grand-Duc Henri ze feieren.
 
Den Anniversaire vum Règne gëtt samschdes den 21. Juni an der Stad gefeiert mat engem komplette Museks- an Animatiounsprogramm um Knuedler, wou d'Soul/Jazz-Sängerin China Moses den Optakt mécht. Géint 9 Auer ass et dann den Optrëtt vun der Jazz-Legend Dee Dee Bridgewater, déi vum Nationalen Jazz Orchester ënnert der Leedung vum Gast Waltzing begleet gëtt. Virun 11 Auer owes gëtt dann e Museks- a Luucht-Spektakel op d'Fassad vum Palais projezéiert. Den Owend kléngt mat weidere Concerten an der Uewerstad aus.
 
D'Highlighte sonndes den 22. Juni sinn an der Stad de Fakelzuch mat engen 2.500 Leit, déi aus de verschiddene Clibb matginn an um Knuedler virun der Éierentribün defiléieren. Op eng Kompositioun vum Maxime Bender gëtt d'Freedefeier vun der Neier Bréck an den Nuetshimmel geschoss. Duerno ass Fräi Nuecht an der Stad mat ville Concerten iwwerall an der Uewerstad. Schonn am Nomëtteg besichen d'ierfgroussherzoglech Koppel iwwerdeem Monnerech, de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hirersäits ginn zu Esch empfaangen.
 
Um 23. méindes si moies d'zivil Zeremonien an der Philharmonie, géint Mëtteg d'zivil- an d'militäresch Paraden an der Neier Avenue an um hallwer 5 den Te Deum an der Kathedral. Wéi all Joers ass och nees dat beléift Spillfest vum CAPEL op der Kinnekswiss, wou d'Kanner am Mëttelpunkt stinn.

City-Sounds heescht et dee ganze Weekend iwwer um Glacis wou owes 10 Artisten a Bands optriede mat ënner anerem Klingande, Train, James Bay, Tuys oder Waztoo. Den Entrée ass gratis. Quasi onnéideg ze soen, datt een am beschten drun deet mam ëffentlechen Transport an d'Stad ze kommen.