E Méindeg de Mëtteg tëscht 13.30 a 14 Auer sinn zwee Militärfligeren an de Police-Helikopter iwwer der Stad geflunn.

Et war eng Prouf fir d'Festivitéite vun Nationalfeierdag. Den A400M an den A330 Multi Role Tanker Transport (MRTT) hunn zwee Trainingsvolle gemaach, genee wéi den Helikopter vun der Police. Si sinn zweemol iwwer d'Avenue de la Liberté geflunn. Dat hat de Service Information et Presse vun der Regierung am Virfeld matgedeelt.