Wéi ëmmer um Donneschde virun Nationalfeierdag war zu Dikrech den traditionellen Defilé vum Militär.

Nationalfeierdag steet virun der Dier an do ass et eng Traditioun, datt d'Arméi schonn e puer Deeg am viraus eng Zeremonie zu Dikrech huet an an dësen Zäiten kuckt ee scho mat aneren Aen op d'Leit an Uniform. Virum Hannergrond vu villen internationale Krise stinn d'Truppen viru groussen Erausfuerderunge. Dofir braucht et esouwuel genuch Leit wéi och dat passend Material. Den Donneschdeg de Moie goufen der Ëffentlechkeet dann och eng éischte Kéier déi nei CLRV-Gefierer presentéiert

Et hätt vläicht zwee, dräi Grad méi kal kënne sinn, mee fir de Rescht war zu Dikrech awer perfekt Paradewieder. Wéi all Joer goufen och nees eng Partie Auszeechnungen iwwerreecht. 25 Ordres Nationaux, 31 Croix de Service a 15 Medaile fir d'Participatioun un NATO-Missiounen. Wéinst deene villen internationale Krisen, virop dem Ukrain-Krich, wäerten déi 32 NATO-Memberen an Zukunft 5 Prozent vun hirem PIB an d'Defense investéiere mussen, dat soll déi nächst Woch um NATO-Sommet zu Den Haag decidéiert ginn.
"Fir Lëtzebuerg bedeit dat ënnert anerem, datt mir a Loftverdeedegung an a Rakéitenofwier wéi och an den Ausbau vun eisen Dronekapazitéiten investéiere wäerten. Eng vun de Léiere vum Ukrain-Krich ass eben, wéi wichteg dës Kapazitéite sinn, fir eis Populatioun, mee och eis kritesch Infrastrukturen ze schützen. Dës an nach aner Projete bedeiten, datt mir massiv investéieren a rekrutéiere mussen," esou d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes.

Eent vun deenen Investissementer gouf dem Public fir d'éischt presentéiert. Lëtzebuerg huet 80 sougenannt CLRV-Gefierer, de kompletten Numm ass Command Liaison and Reconnaissance Vehicules, bestallt. Véier ware beim Defilé zu Dikrech mat dobäi. Dës sollen no an no d'Dingoen ersetzen an hunn eng Partie Virdeeler, weess de Chef d'État-Major vun der Arméi de Generol Steve Thull.

"Deen alleréischte grousse Punkt, wou ee ka soen, ass, datt d'Protektioun nach eng Kéier een Deel besser ass wéi bei de PRVen, déi mer aktuell nach am Gebrauch hunn. An ee ganz wichtegen Deel hannendrun ass, datt mer déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi insgesamt an der Arméi, an eisen Unités de combat, mat deem selwechte Vehicule wäerten ekipéiert sinn. An en plus huet dee Vehicule dann och nach déi selwecht Kommunikatiounsgeräter, sou datt mer intern total interoperabel sinn."

An och d'Kommunikatioun mat der belscher a franséischer Arméi wier esou garantéiert. Déi lescht vun den neie Gefierer solle bis Enn 2026 respektiv Ufank 2027 geliwwert sinn. Ma d'Material ass awer laang net deen eenzege Grond, aus deem d'Leit d'Miltärzeremonie kucke kommen:

"Ma als Dikrecher kënnt ee kucken, wann d'Arméi mol op Dikrech kënnt. Mir gesi se ëmmer hei duerch Dikrech fueren a mir héiere se, wa se üben an trainéieren, mee hei gesäit ee se dann och mol eng Kéier defiléieren."

"Well ech een honnertprozentege Patriot sinn. Mäi Papp, mäi Brudder, déi waren alleguerten an der Arméi, déi leider haut schonn net méi do sinn. Mee ech hunn dat ugebuer kritt an dat muss einfach sinn."

Och d'Primärschoulskanner waren ënnert de Spectateuren. Wat hinnen am beschte gefall huet, dat hu se d'Joffer erkläre gelooss.

"Ech mengen, tatsächlech kucke se gären, wéi d'Arméi hei marschéiert, dat hu se immens gären an d'Musek lauschtere se gären a si waren immens gedëlleg, si hunn och e bëssi do nogelauschtert a si hate lo wierklech vill Gedold. A si freeë sech awer nach ëmmer si gesi gutt gelaunt aus a si hunn hir Fändelen an hir Krounen a si si stolz drop. A si wëssen och, datt de Grand-Duc hei gefeiert gëtt an och eist Land."

An déi Festivitéite wäerte queesch uechter d'Land jo nach bis e Méindeg inclus daueren. An do däerf d'Militärparad an der Stad den 23. Juni natierlech net feelen.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

 
Fête nationale 2025: cérémonie militaire à Diekirch (19.06.2025)
Communiqué par : état-major de l’armée
 
Le jeudi 19 juin 2025, l’Armée luxembourgeoise a célébré la fête nationale 2025 à la place Guillaume à Diekirch, en présence de la ministre de la Défense, Yuriko Backes, et du chef d’état-major de l’Armée, le général Steve Thull.
Les allocutions de la part du colonel Alain Schoeben, commandant des Forces, ainsi que de la ministre de la Défense ont introduit la cérémonie militaire à l’occasion de la célébration de l'anniversaire de la naissance de S.A.R. le Grand-Duc.

Au cours de la cérémonie, ont également été décernées soixante-et-onze distinctions honorifiques, honorant les membres récipiendaires de l’Armée pour leur engagement. Une interprétation de l’hymne national par la Musique militaire, placée sous la direction du lieutenant-colonel Jean-Claude Braun, chef de la Musique militaire, ainsi qu’un défilé dynamique des troupes et du détachement motorisé sous les ordres du colonel Alain Schoeben, a clôturé la cérémonie militaire. Moment fort du défilé militaire pour les spectatrices et spectateurs venu(e)s nombreux(ses) dans la ville de garnison: la présentation de quatre CLRV (Command Liaison and Reconnaissance Vehicle), les tout nouveaux véhicules de l’Armée appelés à remplacer les PRV (Protected Reconnaissance Vehicle) surnommés «Dingo».
«Le Luxembourg est et restera un allié solidaire, au niveau politique et militaire. Grâce à nos investissements, mais surtout grâce à l'engagement de tou.te.s les membres de l'Armée», a souligné Yuriko Backes, la ministre de la Défense.