Dausende Leit gi sech de Weekend vun Nationalfeierdag an der Stad erwaart
Vun e Samschdeg bis e Méindeg ass de Programm vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag an der Stad gutt gefëllt.
Lass geet et e Samschdeg mat Concerten a gudder Stëmmung um Knuedler a ronderëm. E Sonndeg um Virowend vun Nationalfeierdag stinn de Fakelzuch, d'Freedefeier a ganz vill Concerten op der Haaptaffiche. Iwwer 100.000 Leit gi sech e Sonndegowend erwaart. Op Nationalfeierdag ass et dann d'Zeremonie an der Philharmonie, d'Militär- an d'Zivilparad an den Te Deum an der Kathedral.
Um Freideg lafe bei der Gëlle Fra d’Preparatioune fir Nationalfeierdag op Héichtouren. Wou een hikuckt gesäit ee Leit um schaffen. Clôturë ginn opgeriicht, mam Gafelstapeler gëtt Material deplacéiert. E puer honnert Meter eriwwer sinn dräi Männer amgaangen, zwou Buvetten an den Equiliber ze stellen. Et ass de President Gilles Hermes vun de "Frënn vun de Gaasperecher Scouten" zesumme mat zwee Kolleegen. "Et ass elo déi 25. Kéier wou mir um Virowend vun Nationalfeierdag mat eisem Veräin hei aktiv sinn. Et war net ëmmer hei op dëser Plaz. Mir waren och scho beim Parking St. Esprit", sou de Präsident.
Gedrénks a Wurschte mat Sauerkraut proposéieren d’"Frënn vun de Gaasperecher Scouten" de Leit vun e Sonndegowend un. A well gutt Wieder gemellt ass, gouf och deementspriechend ageluecht. "Mir hu 50 Fässer Béier vu 50 Liter a 40 Fässer vun 30 Liter. Do dernieft hu mir nach 70 Liter Cremant a Soft: vu spruddeleg bis platt Waasser, Cola an Icetea".
Fréier ass de Fakelzuch laanscht hire Stand gaangen, hei ass et elo d'Freedefeier, dat sech zeg Dausende vu Leit e Sonndeg wäerten ukucke kommen. "Dowéinst ass dës Plaz e grousse Virdeel fir eis", sou de President Gilles Hermes.
Eng 25 Benevoller vum Veräi sinn e Sonndeg op der "Gëlle Fra" am Asaz. Véier si responsabel fir d'Preparatiounen am Virfeld. Dat geet vun administrativen Demarchë bis hin zu de Buvetten installéieren.
Um Knuedler geet et och hier ewéi op engem Seejomessekoup. D'Bün vun der "Fête de la Musique" steet nach vum leschte Weekend do. Virum Gemengenhaus gëtt och geschafft. Hei wou zweemol an der Woch de Stater Maart organiséiert gëtt, wäert um Samschdeg gefeiert ginn. Rout–Wäiss–Blo Fändele beweege sech op de Rhythmus vun der Loft, déi op dësem waarmen Dag e bësse bléist.
Hei um Knuedler gëtt um Samschdeg, den 21. Juni de 25. Anniversaire vum Grand-Duc Henri um Troun gefeiert. Dëst ass den Optakt vun engem laange Weekend voller Animatioun a Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag. "Um Knuedler si Concerte vun owes 18 Auer u virgesinn. Hei geet et bis eng Auer nuets mat Concerten, DJ'en duerch d'ganz Stad", sou de Laurent Schwaller, Responsabel fir d'Organisatioun vun de Festivitéiten an der Stad Lëtzebuerg. Knuedler, Plëss a Clairefontaine sinn hei d'Haaptplazen.
Um Glacis wäert een iwwer de verlängerte Weekend keen Auto parken. Dës grouss Plaz ass fir Concerte reservéiert. Eng riseg Bün gesäit ee scho vu wäitem. Lass geet et um Virowend vun Nationalfeierdag an et zitt sech bis den 23. Juni - "City Sounds" heescht et hei.
"Tëscht 25. an 30.000 Leit passen op de Glacis. [...] Et ass e Festivalsite", sou de Responsabele fir d'Festivitéite vun der Stad Lëtzebuerg. "Sécherheetsbedéngt däerf een net alles matbréngen. Grouss Poschen, grouss Rucksäck, dat geet net. Professionell Fotoapparater sinn och net erlaabt grad esou wéineg Präbbelien". Um Site gëtt och fir d'Sécherheet vun de Leit gesuergt. Police a CGDIS sinn op der Plaz.
E Sonndeg den Owend fänkt um 21.30 Auer de Fakelzuch un. Dësen zitt sech vun der Theaterplaz bis op de Knuedler. Virun der Éierentribün ass Schluss.
E weidere grousse Moment ass um Sonndegowend d'Freedefeier. Um 23 Auer gëtt dëst vun der Neier Bréck ofgeschoss. De Maxime Bender ass fir déi musikalesch Kompositioun responsabel.
Mat ronn 100.000 Visiteure gëtt um Sonndegowend, dem Virowend vun Nationalfeierdag, an der Haaptstad gerechent. Ouni déi Dausende vu Museksfrënn um Glacis.
Op www.vdl.lu fënnt een all d'Informatioune ronderëm d'Festivitéite vun Nationalfeierdag. Och wéi een am Beschten an d'Stad Lëtzebuerg déi Deeg eran- an erauskënnt.
Och RTL ass vun e Samschdeg bis e Méindeg bei de Feierlechkeete vun Nationalfeierdag live mat dobäi. Den Detail fannt Dir hei.