"Fridden, Fräiheet an Demokratie kommen net vum selwen"
Nationalfeierdag ass dëst Joer anescht wéi soss. Net just wéinst dem 25. Trounjubiläum, mä och well d’Welt am Ëmbroch ass a sech Fundamentales beweegt.
Dat ass ee Constat aus der Ried vum Premier Luc Frieden um Virowend vun Nationalfeierdag.
Mir hätten eis an der Vergaangenheet ëm Wäerter wéi Fräiheet, Dialog an Demokratie beméit. Si wieren d’Basis vun eisem Succès an et wier un eis fir en, zesumme mam sozialen a wirtschaftleche Wuelstand, ze sécheren.
"Näischt, wat derwäert ass ze hunn, kënnt vum selwen. Dat gëllt fir e Land an dat gëllt fir seng Leit. Fridden, Fräiheet an Demokratie kommen net vum selwen. Alles dat brauch Asaz. All Dag."
Eis Natioun géif sech duerch gemeinsam Wäerter an Dreem markéieren.
"Eng Natioun ass eng Geschicht an en Zukunftsprojet. Mir wëlle Lëtzebuerger sinn a mir definéieren all Dag duerch eist Behuelen, eis Aussoen, eis Decisiounen, wat dat bedeit. Lëtzebuerg ass demokratesch. Mir gestalten d’Gesetzer an engem Prozess, un deem jiddereen Deel huele kann. Mir maachen dat am Dialog, mat de Leit, de Sozialpartner, de politesche Parteien, de Sozialpartner, der Zivilgesellschaft."
Am fräie Lëtzebuerg hätt jidderee seng Würd an an engem oppene Land géife mer all déi wëllkomm heeschen, déi sech un deem gemeinsame Projet bedeelegen an eppes dozou bäidroe wéilten.
De Premier schwätzt a senger Ried vu Grondiwwerzeegungen, déi d’Leit zesummenhalen. En Zesummenhalt, deen een och géif spieren, wann een de Succès vun der Natioun an hire Matbierger feiert.
Kuckt d'Ried mat Gebäerdesprooch oder op Franséisch oder Englesch