Bei enger Visitt vun der groussherzoglecher Koppel am Clierfer Lycée 2022 gouf et ee Schüler, deen déi Renconter besonnesch inspiréiert huet.

Am Mee 2022 ass déi groussherzoglech Koppel de Clierfer Lycée besiche gaangen; d’Gebai war e puer Jore virdrun opgaangen an op hirer Visitt krute si net nëmmen d’Gebai gewisen, ma konnten och mat e puer Schüler schwätzen.

De Luca Roettgers, haut 18 Joer al, war deemools Vize-President vum Schülerkommitee. Zesumme mat zwee anere Schüler aus dem Kommitee konnte si am Festsall de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse begéinen, a mat hinne schwätzen.

Do hate si eng kleng Table ronde opgestallt, wou si sech konnte mat der Grande-Duchesse austauschen.

"A wéi mir mat der Grande-Duchesse geschwat hunn, huet si eist Engagement wierklech gelueft, an eis gesot, mir sollten domat weider maachen, d’Schüler vertrieden, a roueg eis Stëmm méi staark weisen", erënnert sech de Luca.

An dëst Gespréich hat en Afloss op säin Engagement:

"Et huet mech gepräägt, dass ech mech méi engagéiert hunn. Ech si vun eisem Schülerkommitee. Ech hat well eng Plaz als CNEL-Member, eise Lycée war an der nationaler Schülerkonferenz vertrueden. Do hunn ech mech dunn 2024, 2 Joer nodeems si do waren, mee bei deenen nächste Wale sougesot, hunn ech mech du mat opgestallt, fir President ze ginn. Elo sinn ech President vun der nationaler Schülerkonferenz. Dat duerch verschidde Beaflossungen, awer och wéinst der groussherzoglecher Koppel." 

E Moment, deen him ganz laang an Erënnerung wäert bleiwen. An hien ënnersträicht: "Et war eng Chance, déi ech wierklech gär nach eng Kéier hätt."