Bekannt aus der Netflix-Serie "Bridgerton"
Den Jonathan Bailey ass de "Sexiest Man Alive 2025"
© MICHAEL LOCCISANO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP
De 37 Joer ale brittesche Schauspiller Jonathan Bailey ass den neie "Sexiest Man Alive".
Engem gréissere Public gouf hien am Joer 2020 duerch seng Roll als Lord Anthony an der Serie "Bridgerton" op Netflix bekannt. An enger éischter Reaktioun huet de Bailey gesot, dass hien d'Auszeechnung als eng enorm Éier géing betruechten. Dat ganzt wier "vëlleg absurd" sou de Bailey.
Den amerikanesche People Magazine huet den Titel vum "Sexiest Man Alive" fir d'éischt am Joer 1985 verdeelt. Zanterdeem ass den Jonathan Bailey deen éischten homosexuelle Mann, deen den Titel krut. Hien hat sech 2018 geout.
Am meeschte gelies