"Hatt ass ganz gutt am Erkenne vun Emotiounen"
Bicher liese mat Hëllef vun engem Hond. Wat den éischten Ament vläicht komesch kléngt, ass tatsächlech e pedagogescht Mëttel.
Dëst ka virun allem Kanner ganz vill hëllefen.
Mir hunn d’Lieshond-Team an der Zitha Senior getraff. Dräi Kanner waren dobäi, déi Schwieregkeete mam Liesen hunn. Si sollten den eelere Bewunner Geschichte virliesen. Als Ënnerstëtzung waren dräi Lieshënn dobäi, fir all Kand ee Mupp: D’Anouk, d’Calisto, an de Bobby.




























Seng Originnen huet d'Konzept vum Lieshond an Amerika mam R.E.A.D.: "Reading Education Assistance Dogs". D’Marjan van der Loo, dem Anouk seng Besëtzerin, huet de Lieshond aus Däitschland op Lëtzebuerg bruecht.
Hie soll roueg bei de Kanner leie bleiwen, wann se hir Texter haart virliesen. Wann d’Kanner nervös ginn oder Probleemer hu mat verschiddene Wierder, ass den Hond do, fir si ze berouegen. Et geet ëm déi emotional Ënnerstëtzung an eng positiv Atmosphär, dass d’Kanner Freed um Liesen hunn, erkläert d’Marjan:
"Meeschtens kréie mir si mam Hond esou wäit, dass si sech fir d’Liesen interesséieren. An d’Kanner gleewe souguer bis 12-13 Joer, dass den Hond lauschtert. Dat ass dat schéinst dobäi. Heiansdo och nach eeler Kanner, déi da virliesen, Jugendlecher, déi da mengen, den Hond lauschtert."
Dës intergenerationell Aktivitéit war e méi neie Kader vum Lieshond. Normalerweis ass de Setting ee Kand mat engem Hond. Do dauert d’Sessioun just 20 Minutten, an den Hond kéint der maximal dräi hannertenee maachen, well et awer en ustrengenden Exercice ass. Fir d’Marjan wier d’Anouk perfekt als Lieshond gëeegent:
"Hatt passt ganz gären op, hatt huet et guer net esou gär, wann d’Kanner wibbeleg sinn, da fänkt et u mat billen. Mat aneren Hënn, wann déi onroueg sinn, eeben och. Et ass ganz gutt am Erkenne vun Emotioune vun de Leit, wat ganz flott ass. Well hatt mierkt direkt, wann een traureg ass oder e Probleem huet, an da geet hatt dohin."
Zanter 2008 schafft d’Marjan mat Hënn, huet der selwer véier. D’Anouk huet mëttlerweil eelef Joer, an huet mat dräi Joer mat senger Aarbecht ugefaangen. Wann hatt an d’Pensioun geet, da gëtt dem Marjan hiren zweeten Australian Shepherd, d’Jojo, seng Nofollgerin.
Net all Hond ass als Lieshond gëeegent
Fir Lieshond kënnen ze sinn, muss den Hond fir d’éischt als pedagogesche Begleethond ausgebilt sinn, a kann dann uschléissend eng extra Formatioun als Lieshond maachen. An Däitschland huet d’Marjan u Formatiounen deelgeholl, an huet och nach Psychologie an Inklusiounspedagogik studéiert. Zu Lëtzebuerg huet si "Dogs4Success" an d’Liewe geruff, wou d’Leit hir Hënn kënnen ausbilde loossen.
Aner Plazen, wou d’Anouk agesat gëtt, sinn d’Kannerpsychiatrie, Schoulen, e pedagogeschen Haff an och soss Plazen, wou d’Leit d’Sprooch verléiert hunn, an erëm musse léieren.