Am Kader vun Nationalfeierdag
Groussherzoglech Koppel huet op d'Gaardeparty invitéiert

© Cour Grand-Ducale / Kary Barthelmey
De Grand-Duc Henri a seng Fra hunn ënner anerem d'Awunner an d'Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg op eng Gaardeparty invitéiert. Dës ass all zwee Joer.
Dobäi ware si awer net eleng. D'Prinzessin Marie-Astrid, den Herzog Christian vun Éisträich an d'Prinzessin Amalia waren e Freideg mat vun der Partie op Schlass Bierg.
All zwee Joer gëtt dëst organiséiert am Kader vun Nationalfeierdag, sou dann och dëse Freideg. Eng 700 Leit waren invitéiert, dorënner Awunner vun der Gemeng a Museker vun der Harmonie grand-ducale Orania, awer och d'Colmer Buergermeeschtesch souwéi de Buergermeeschter vu Weilbourg, der Partnerstad vu Colmer-Bierg.
Am meeschte gelies