E Samschdeg den Owend hunn an der Stad d'Feierlechkeeten am Kader vun Nationalfeierdag ugefaangen.

Lancéiert goufen d'Feierlechkeete mam Liichtspektakel "Son et Lumière" op der Fassad vum Palais. Gewise goufe Biller an Impressioune vum Grand-Duc Henri an der groussherzoglecher Famill aus de leschte 25 Joer.

Déi groussherzoglech Famill ugefouert vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa, de Premier Luc Frieden, weider Membere vun der Regierung, d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an och e sëllege Gäscht hu sech de Spektakel op der Éierentribün ugekuckt.

Déi nächst Deeg gi sech fir d'Feierlechkeeten Dausende Leit an der Stad erwaart.

Schonn e Samschdeg den Owend ware bei guddem Wieder vill Leit an der Stad, fir beim Start vun de Feierlechkeeten dobäi ze sinn. D'Stëmmung bei der groussherzoglecher Famill an och de Spectateure war excellent.