Groussherzoglech Koppel dëst Joer selwer zu Esch
Et ass dëst Joer anescht um Virowend vu Nationalfeierdag zu Esch.
Normalerweis ass et déi ierfgroussherzoglech Koppel, déi an déi zweetgréisste Stad aus dem Land geet, fir Jonk an Al ze begréissen an dem Vollek méi no ze kommen. Dëst Joer fir den Troungebuertsdag vum Grand-Duc Henri an och well hie seng Funktiounen als Grand-Duc néierleet am Oktober, ass déi groussherzoglech Koppel nach eemol op Esch komm.
De Programm ass deen nämmlechte bliwwen, ma an awer huet ee sech bei der Gemeng e puer Saachen afale gelooss. Sou zum Beispill, dass op all Stand um Volleksfest eng al Foto hänkt vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa, wéi si nach a jonke Joren an der Funktioun vun der ierfgroussherzoglecher Koppel ëmmer an d’Minettmetropol komm sinn.