Wéi all Joer gëtt et ee volle Programm um Virowend vun Nationalfeierdag: Fakelzuch, Freedefeier, a vill Musek.

Startschoss vun de Festivitéiten, déi dëst Joer ganz am Kader vum 25. Troun-Jubiläum vum Grand-Duc Henri stinn, war schonn um Virowend vum Virowend vun Nationalfeierdag. E Samschdeg géint 18 Auer huet déi offiziell Zeremonie um Knuedler ugefaangen, mat der groussherzoglecher Famill, Membere vun der Regierung, an engem groussen Jubiläums-Kuch. Och ee Concert vun der Amerikanescher Jazz-Sängerin Dee Dee Bridgewater huet d’Leit begeeschtert.

D'Rosa Clemente um Virowend vun der Nationalfeierdag an der Stad
Fir de Virowend vun Nationalfeierdag goufe sech 100.000 Leit an der Stad erwaart. Wéi all Joer gouf et e volle Programm: Fakelzuch, Freedefeier, a vill Musek.

Méi spéit am Owend gouf et dunn ee Liichtspektakel "Son et Lumière" op der Fassad vum Palais. Gewise goufe Biller an Impressioune vum Grand-Duc Henri an der groussherzoglecher Famill aus de leschte 25 Joer.

E Sonndeg um Virowend vun Nationalfeierdag geet et weider mat de Feierlechkeeten: Wéi gewinnt geet et an der Uewerstad um 21.30 Auer lass mam traditionelle Fakelzuch an dem Cortège vun Associatiounen, bei deem dëst Joer méi wéi 2.500 Leit matmaachen.

Méi spéit dann ee weidere groussen Ament: um 23 Auer gëtt d‘Freedefeier vun der Neier Bréck aus geschoss. Et dauert 17 Minutten a gëtt begleet vun enger musikalescher Kompositioun vum Maxime Bender.

Ronderëm ass virun allem fir vill Musek gesuergt. Um Glacis fënnt déi fënneft Editioun vu "City Sounds" statt: Nimm wéi Dimitri Vegas, Klingande, Oliver Heldens a villes méi fënnt een op der Plaz. Mee och ronderëm d’Stad, um Knuedler, op der Place d’Armes, bei der Gëlle Fra, an der Abtei Neimënster an op villen aner Plazen ass fir Musek gesuergt.

Ënnert anerem wéinst dem gudde Wieder ginn op dësem Virowend vun Nationalfeierdag mat ronn 100.000 Visiteuren an der Haaptstad gerechent. Ouni déi Dausende vu Museksfrënn um Glacis. Weider Informatioune ronderëm d'Festivitéiten an den Transport fir eran an eraus aus der Stad fënnt een op www.vdl.lu.