Zéngdausend Feier- a Musekbegeeschterter waren e Sonndeg den Owend an der Stad
Um Virowend vun Nationalfeierdag war an der Stad natierlech och eng méi lass.
D'Highlights waren nieft engem grousse Concert vum DJ Dimitri Vegas – dee besonnesch vill Jonker an den Zentrum gezunn hat – och de klasseschen Fakelzuch an dat grousst Freedefeier.
Zwee Deeg gëtt op de Stroossen uechter d’Land den Nationalfeierdag gefeiert. Nieft de sëllege Gedrénksstänn an haarder Musek lénks a riets, huet de City Sounds vill Leit, besonnesch awer déi méi Jonk, e Sonndeg den Owend op de Stater Glacis gezunn. Dat wier och express esou geplangt gewiescht, esou de Laurent Schwaller, Chef vum Service Evénement vun der Stad Lëtzebuerg:
"Mir kucken, fir den 22., wou déi jonk Leit natierlech méi erausginn, datt mer fir déi eng Programmatioun deen Dag maachen. Mir wëllen déi vill Leit, déi soss generell an der Stad ënnerwee sinn e bëssen 'entzerren'. Dofir hu mer deen ee Public mam Fakelzuch a Freedefeier an der Stad. Da gëtt de jonken DJ-Public éischter hei um Glacis konzentréiert."
Danzen, matsangen oder gemitterlech nokucken
Dausende Leit huet den Dimitri Vegas op de Stater Parking gezunn. Seng Show ass weltwäit bekannt. 2024 war hien och Headliner vum faméisen Tomorrowland.
Vu Fakelzuch bis Freedefeier: Dausenden hu sech an der Uewerstad versammelt. Wien et net grad sou haart wollt, deen huet ee warscheinlech éischter ee Kilometer südlech, beim traditionelle Fakelzuch begéint. Géint 21.30 Auer goung et vun der Theaterplaz lass.
Mat dobäi war och den Eric Eifes. Hien ass schonn als jonke Scout de Fakelzuch matgetrëppelt. Dat elo da schonn zanter véier Joerzéngten. An där Zäit ass de Fakelzuch e gutt Stéck méi grouss ginn:
"Ech sinn zanter den Ugangs 80er Joren dobäi, als klengt Kand, dobäi. Du war et nach méi intim, fir et esou auszedrécken. Do hu vill manner Leit an der Stad gewunnt. Am Land ware manner Leit. Et war awer grad esou flott ewéi haut. Haut ass et vill méi multikulturell. Haut musse mer awer och leider Barrière vun der Gemeng gesat kréien aus Sécherheetsgrënn. Do mierkt ee schonn, datt d’Logistik ronderëm vill méi grouss ginn ass."
Insgesamt waren et dëst Joer eng 2.500 Participanten. Vun der Theaterplaz, iwwert d'Côte d'Eich, erof op de Knuedler bis d'Place de Clairefontaine waren d'Stater Sportsveräiner, d'Scouten, d'Pompjeeë, d'Secouristen, esou ewéi och Gesang- a Museksgruppen ënnerwee.
Den Héichpunkt hei war natierlech fir vill Leit d’Freedefeier géint 23.00 Auer. Wärend 17 Minutten huet sech den Himmel iwwert der Haaptstad an de schéinste Faarwe presentéiert an dat zu de wonnerbare Kläng vum Komponist Maxime Bender. Bei der Gëlle Fra gouf et Live-Musek vum Militär. An nom leschte Knuppen war natierlech wéi gewinnt nach laang net Schluss. Bis fréi an de Moie gouf an Nationalfeierdag eragefeiert.
De komplette Reportage an de Fakelzuch kënnt Dir nach emol den Owend am Journal op der Télé suivéieren.