E Méindeg de Moie war déi traditionell Zeremonie fir Nationalfeierdag, déi dëst Joer besonnesch am Zeeche vun de 25 Joer Règne vum Grand-Duc Henri stoung.

An der Zeremonie an der Philharmonie gouf et dann och e puer Iwwerraschungen.

Als éischte Riedner huet de Premier Luc Frieden geschwat an do war et de Message, fir als Gesellschaft zesummenzehalen. De respektvollen Ëmgang mateneen, heiheem wéi och am Ausland, misst een héichhalen, besonnesch och elo, an engem Kontext, wou déi international Politik ganz ugespaant ass. D'Feiere vun eise Valeure vun Demokratie a Fräiheet wieren dofir op engem Dag wéi haut wichteg, fir sech ëmmer nees bewosst ze maachen, dass déi net selbstverständlech sinn.

Emotiounen, Iwwerraschungen a vill Houfert op Nationalfeierdag
Et war e volle Programm op Nationalfeierdag an dëst Joer stoung alles am Zeeche vu 25 Joer Grand-Duc Henri.

A senger Ried ass de Premier Frieden och vill op d'Monarchie agaangen. De Grand-Duc Henri hätt duerch seng Presenz dacks staark Zeeche konnte setzen an ëmmer nees de Kontakt an den Dialog mat de Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger gesicht.

E Film als Zeeche vun Dankbarkeet

Och d'Grande-Duchesse ass vum Premier fir hire sozialen an humanitären Asaz gelueft ginn, virun allem och wat d'Schicksal vu Fraen a Krichsgebidder ugeet. De Grand-Duc Henri hätt säi Verspriechen, fir als Staatschef säi Bescht ze ginn, agehalen an et wier ee Message vu grousser Dankbarkeet.

Dofir gouf et vun der Regierung och eng aussergewéinlech Iwwerraschung: E Court-métrage mat Ablécker an dat privat an ëffentlecht Liewe vun der groussherzoglecher Koppel huet fir emotional Momenter an der Philharmonie gesuergt. Wéi de Luc Frieden RTL am Interview erkläert huet, ass dee Film e Kaddo fir d'groussherzoglech Koppel gewiescht, fir hir fir hiren Déngscht Merci ze soen.

Feierlech Zeremonie fir Nationalfeierdag an der Philharmonie
De kompletten Event kënnt Dir Iech hei nach emol ukucken.

Den éischte Bierger vum Land, de Claude Wiseler, huet dann a senger Ried op déi lescht 25 Joer Règne vum Grand-Duc zréckgekuckt.

A senge sëllege Funktiounen hat de Claude Wiseler schonn dacks d'Geleeënheet, mat der groussherzoglecher Koppel ze schaffen an hiert Engagement matzeerliewen. Si hätt sech der moderner Zäit ugepasst an an deem Kader huet de Chamberspresident och d'Reform vun 2008 ugeschwat, nodeems de Grand-Duc d'Euthanasiegesetz net sanktionéiere wollt. Hei hätt een zesummen eng Léisung fonnt, déi d'Monarchie moderniséiert hätt. Et hätt dem Grand-Duc ni un deem néidege Courage gefeelt, fir d'Land ze leeden.

"... bis de leschten Dag vu mengem Règne"

Deen huet dann dono och nach selwer d'Wuert ergraff: "Léif Leit, ech wäert bis de leschten Dag vu mengem Règne meng Flicht erfëllen. Mat Iwwerzeegung, Devouement an Engagement. Jo, den 3. Oktober danken ech of. Awer fir de Rescht vu mengem Liewe wäert ech zudéifst verbonne bleiwe mat eiser Heemecht. [...] D'Léift vun eiser Heemecht droen ech a mir bis un d'Enn vu mengem Liewen."

Et war eng emotional Zeremonie, mat ville Blécker an d'Vergaangenheet, mee och Ausblécker an d'Zukunft. Dem Ierfgroussherzog Guillaume an der Ierfgroussherzogin Stéphanie hunn d'Riedner eng glécklech Hand fir hire Règne gewënscht.

Dräi Rieden, eng Partie Museksstécker a vill Applaus
Déi feierlech Zeremonie fir Nationalfeierdag an der Philharmonie am kuerze Resumé.