Um Ouschterméindeg huet d'Nouvelle vum Doud vum Poopst Franziskus Millioune Mënsche queesch uechter d'Welt schockéiert.

Am Vatikan hunn e Méindeg den Owend nach Leit Blummen néiergeluecht, gebiet oder dem Poopst roueg geduecht. D'Stëmmung war zwar nodenklech, awer net néiergeschloen. Déi Gleeweg sinn nämlech an éischter Linn dankbar, datt se de Franziskus haten an hie Reformen an der Kierch ugestouss huet.

De Marc Hoscheid am Gespréich mam Kardinol Jean-Claude Hollerich

Um Fluchhafen zu Roum war eise Reporter Marc Hoscheid nach op de Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich getraff. Wärend dem Fluch hätt de Kardinol zréck un all déi Begéinunge geduecht, déi hie mam Poopst Franziskus hat.

"An déi grouss Mënschlechkeet, déi hien ausgestraalt huet, an ëmmer och d'Presenz vu Christus selwer. Ech si wierklech déif betraff, et ass e grousse Verloscht fir d'Kierch, awer och perséinlech fir mech. A gläichzäiteg ass e Poopst, deen um zweeten Ouschterdag, dem Fest vun der Opersteeung, stierft, och en Zeeche vun Hoffnung."

En Dënschdeg de Moie sinn eng Partie Kardineel, dorënner och de Jean-Claude Hollerich, beieneen, fir doriwwer ze schwätzen, wéi et an den nächsten Deeg a Woche virugoe wäert. Fir de Lëtzebuerger Kardinol an Äerzbëschof stéing elo mol eng Saach am Mëttelpunkt:

"Also fir mech läit elo mol de Fokus um Begriefnis. Mee och ëm d'Trauer fir de Poopst Franziskus. Et wäert dat een, dat anert Wuert och mol schonn iwwer d'Zukunft falen. Mee dat kënnt dann duerno."

De Poopst misst oder soll véier bis sechs Deeg no sengem Doud begruewe ginn. Do kéint et gutt sinn, d'Begriefnis e Samschdeg ass. War d'Konklav ugeet, wollt sech de Jean-Claude Hollerich net ze vill an d'Kaarte kucke loossen. Hien huet zwar ee Kardinol am Kapp, deem e seng Stëmm wéilt ginn, mä deem säin Numm wollt hien net verroden.

Honnerte Mënschen um Méindeg beim Vatikan fir dem Poopst Franziskus ze gedenken
Um Ouschterméindeg huet d'Nouvelle vum Doud vum Poopst Franziskus Millioune Mënsche queesch uechter d'Welt schockéiert.

Wat de Programm vun en Dënschdeg ugeet, wäert eise Journalist op der Plaz, de Marc Hoscheid, sech am Laf vum Dag ëmmer nees iwwer RTL Radio Lëtzebuerg eramellen.

D'Begriefnes vum Poopst ass e Samschdeg um 10 Auer zu Roum, dat melle Medien, ënner Beruffung op de Vatikan. Bäigesat gëtt hien an der Basilika Santa Maria Maggiore, do virdru wäert am Vatikan eng Mass sinn. E Mëttwoch um 9 Auer wäert de Sarg un d'Basilika goen, wou d'Leit da bis e Samschdeg Äddi soe kënnen.