D'Leit zéien ee positive Bilan vum François sengem Pontifikat
Hien hätt géint Mëssstänn an der Kierch gekämpft a se méi oppe fir aner Meenunge gemaach.
De Medienintressi ass extrem grouss. Aus aller Welt sinn Tëleeschaînen zu Roum present, fir doriwwer ze beriichten, wat am Vatikan geschitt. An natierlech ass den Doud vum Poopst François och an de lokale Medien den Haaptsujet. Ma och d'Leit op der Strooss léisst net kal, wat an deene leschte puer Deeg geschitt ass.
"Bei beschtem Fréijoerswieder sinn um Dënschdeg wierklech vill Leit am Zentrum vu Roum ronderëm de Vatikan ënnerwee. Ma och schonn um Méindegowend, mir waren tëscht zéng Auer an Hallefnuecht hei, ware wierklech Honnerte Leit op der Péitersplaz a ronderëm. D'Leit hu Käerzen ugefaangen, si hu Blummen néiergeluecht, de Rousekranz gebiet, gesongen. Anerer hunn éischter roueg fir sech gebiet a mir hu mat enger Partie Leit geschwat, virun allem Touristen, sief et aus Däitschland, Frankräich, den USA, och mat engem Lëtzebuerger. Et war natierlech eng seriö, eng gedämpte Stëmmung, ouni datt d'Leit awer niddergeschloe waren. Si waren net déif traureg, mee éischter dankbar, vill dofir, datt se de Poopst nach den Dag virdru gesinn hunn, wéi en de Seegen Urbi et Orbi gespent huet. An wann ee mat de Leit geschwat huet a se gefrot huet, wat se sech vun deem neie Poopst erhoffen, dann hunn der vill gesot, datt se wëllen, datt deen neie Poopst d'Ierwe vun deem elo verstuerwene weiderféiert. A wa se op d'Pontifikat vun deene leschten 12 Joer zeréckgekuckt hunn, dann ass de Bilan zimmlech positiv ausgefall.", esou eise Journalist Marc Hoscheid vu Roum.
"Ich glaube, er hat sehr sehr viel erreicht und in der Kirche bewegen können, sowohl mit Anhängern als auch mit Kritikern. Er hat die Finanzen geordnet, den Missbrauchsskandal weiter aufgeräumt. Er hat auch die Segnung von Geschiedenen und Homosexuellen auf den Weg gebracht.", esou een Tourist vu Chemnitz.
"Je pense que ça restera un pape, qui a permis en tout cas une certaine ouverture de l'église. Qui a été très humble du début à la fin, il a choisi une vie beaucoup plus simple que la plupart des précédants. Il avait commencé déjà en toute simplicité quand il s'est affiché en haut la vie la plus simple sans extravagences. Il resterait le début d'une plus grande simplicité de l'église et une ouverture de l'église sur les mentalités.", seet en Tourist vu Paräis.
"Ech wëll kee jugéieren, virun allem net de Poopst. Alles, wat ech soe kann, ass, datt ech fir hie bieden. Ech wëll net doriwwer urteelen, wat e gutt oder schlecht gemaach huet. Wéi gesot, ech jugéiere keen, emol net de Poopst.", betount eng Pilgerin aus den USA.
"C'était quelqu'un très proche de son peuple, il était très humain, donc c'est vrai, que ça fait une sacrée perte, pour l'Italie mais aussi pour le monde.", esou nach eng Touristin vu Paräis.
An deenen nächsten Deeg dierft et nach méi Leit op Roum zéien, wéi dat souwisou schonn de Fall gewiescht wier. Ëmmerhin ass 2025 een hellegt Joer an e Sonndeg hätt et och eng Hellegspriechung solle ginn, déi zwar elo ofgesot ginn ass, ma d'Leit sinn awer do. Allerdéngs wäert de Fokus vum Interessi elo um Begriefnis vum Poopst François leien.