Eng ganz Rei Staats-a Regierungscheffe wäerte fir d'Begriefnes vum Poopst e Samschdeg zu Roum present sinn, dorënner och eng Delegatioun aus Lëtzebuerg.

De Poopst Franziskus gëtt e Samschden zu Roum begruewen. D’Zeremonie fänkt ëm 10 Auer moies op der Péitersplaz un. Eng ganz Rei Staats-a Regierungscheffe wäerten do sinn, dorënner d’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen, den US-President Trump, den ukrainesche President Selenskyj an de franséische President Macron. Aus dem Staatsministère krute mir op Nofro hi confirméiert, datt mam Premier Luc Frieden an der groussherzoglecher Koppel och eng Lëtzebuerger Delegatioun wäert dobäi sinn. Aus dem Kreml heescht et iwwerdeems, datt de President Putin net plangt, op Roum ze reesen.

Sengem eegene Wëllen no fënnt de Pontifex jo an der Basilika Santa Maria Maggiore seng lescht Rou an net wéi fir e Poopst üblech am Péitersdoum. Do wäert säi Sarg awer vun e Mëttwoch un opgeboort ginn, fir datt Gleeweger aus der ganzer Welt him kënnen déi lescht Éier erweisen. Vun en Dënschdeg u gëllt an Italien och eng Staatstrauer vu fënnef Deeg. Nom Begriefnis e Samschdeg fänkt dann de sougenannte Vir-Konklav un, wou praktesch Decisiounen iwwer d’Situatioun vun der kathoulescher Kierch beschwat ginn. Dono späre sech déi 135 walberechtegt Kardineel dann an der Sixtinescher Kapell an, fir en neie Pontifex ze bestëmmen.

Doud vum Poopst: Vill ranghéich Gäscht annoncéiert a Favoritten op de Posten
De Philip Crowther mellt sech vu Roum a gëtt d'Detailer iwwert déi aktuell Entwécklungen.