Käerzen an der Kathedral an en Espresso an der Ënneschtgaass
An der Kathedral steet eng Foto vum Poopst François an am Bistro an der Ënneschtgaass erënnert ee sech un eng spontan Visitt.
Op Ouschterméindeg ass de Poopst François gestuerwen. Fir senger ze gedenken, waren en Dënschdeg eng Partie Leit an der Kathedral. Si hu Käerzen ugefaangen a waren a Gedanke beim verstuerwene Poopst.
Am Bistro an der Ënneschtgaass, wou de 26. September de Poopst François säi Kaffi gedronk hat, wären et déi leschte Stonnen och vill Ufroe vun der Press ginn. Souwuel vun där nationaler ewéi internationaler Press. D'Taass, aus där de Pontifex deemools gedronk huet, gëtt et am Bistro awer net méi ze bestaunen.
RTL-Informatiounen no ass e Sonndegowend eng Gedenkmass fir de Poopst an der Kathedral. D’Auerzäit steet nach net fest. Kondolenzbicher leie vun e Mëttwoch 23.Abrëll un an der Kathedral an am Bistum, respektiv fënnt ee se online op cathol.lu.