Iwwerrascht, dass Kardinol Hollerech als Mat-Favorit genannt gëtt
E Freideg de Moie war d'Pontifikat vum François d'Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et mécht mech carrement rosen, dass fir d'Begriefnis vum Poopst Franziskus e Samschdeg, Staatscheffen oder Politiker wéi den US-President Donald Trump, awer och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden op Roum reesen, fir hir chrëschtlech Dimensioun zur Schau stellen, obwuel hir Politicken, am Fong geholl, guer net de Wäerter vum Poopst entspriechen. Dat sot den Historiker Michel Pauly e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Mir hu mat him iwwert dem Poopst säin Ierwen an d'Roll vum Chef vun der Kathoulescher Kierch op der Weltbün geschwat.
Wéi keen anere Poopst virdrun, hätt de Poopst Franziskus déi ekologesch Fro zu enger Obligatioun vun de Chrëschte gemaach. Hien hätt sech och kloer op d'Säite vun deenen Aarme gestallt an hätt do virun allem e Langage fonnt, dee vill méi "percutant" gewiescht wier wéi dee vu senge Virgänger. De José Mario Bergolio hätt Grënn genannt, firwat et iwwerhaapt Aarmut gëtt, an dat denoncéiert.
De Michel Pauly huet am Interview drun erënnert, datt den Poopst Franziskus eisen aktuelle Wirtschaftssystem als "Mord" bezeechent hätt. Dat wiere scho staark Wierder. Eng staark Symbolik och dem Pontifex seng éischt Rees op déi italieenesch Insel Lampedusa mat hire Flüchtlingscampen.
De Michel Pauly huet am Interview dann och bedauert, datt dem Verstuerwene seng Iwwerleeungen zum Avortement an der Plaz vun der Fra, wéinst deenen hien am Hierscht am Kader vu senger Visitt an der Belsch an hei zu Lëtzebuerg jo kritiséiert gi war, sou héich gespillt géife géintiwwer dem staarke politesche Message, deen de Jesuit jo awer och formuléiert hätt.
Um ënnerkierchleche Plang besonnesch wier de verstuerwene Pontifex, an den An vu verschiddenen, dogéint awer wuel hannert de Reformwënsch bliwwen. Him wier et wichteg gewiescht, d'Eenheet vun der kathoulescher Kierch net a Fro ze stellen.
"Et wonnert mech net, datt dem Poopst seng Stëmm net méi gehéiert gëtt"
Elo virum Konklave an an dësen opgeriwwene geopoliteschen Zäite gëtt jo driwwer diskutéiert, wéi eng Roll den neie Poopst op der Weltbün spille muss a wéi eng Atouten hie misst matbréngen. Et misst ee sech vill méi d'Fro stellen, a wéi wäit déi international Politik bereet ass, iwwerhaapt eng moralesch Instanz wéi de Poopst z'acceptéieren, seet de Michel Pauly. Och d'UNO hätt net méi déi Unerkennung, déi se mol hat. Do misst ee sech net wonneren, datt och dem Poopst seng Stëmm net méi gehéiert gëtt, fënnt den Historiker.
Iwwerrascht, datt Kardinol Hollerich als gudde Frënd vum Franziskus duergestallt gëtt
Un de Spekulatiounen, wéi e Camp sech um Enn am Konklave wäert duerchsetzen, ob de Successeur vum Poopst Franziskus also éischter e Reformer oder e Konservative gëtt, dorunner wollt sech eisen Invité net bedeelegen. Et géif och net onbedéngt e Muster an der Geschicht ginn, datt net zwee Geeschtlecher mat deem selwechte Profil kéinten noenee kommen.
De Michel Pauly sot sech dann iwwerrascht, datt de Kardinol Jean-Claude Hollerech an der auslännescher Press als gudde Frënd vum Franziskus duergestallt gëtt. Hei zu Lëtzebuerg hätt den Äerzbëschof nämlech vum Poopst sengen pertinente wirtschaftspoliteschen, mënschlechen an ökologesche Fuerderungen net terribel vill ëmgesat.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.