Wéi eng VIP-Gäscht si bei der Bäisetzung vum Poopst present?

© LUIS ROBAYO AFP
Aus der ganzer Welt wäerten e Samschdeg Delegatiounen zu Roum ukommen, fir um Begriefnis vum Poopst Franziskus dobäi ze sinn. Hei all Gäscht op ee Bléck!
De Vatikan schwätzt vun op d'mannst 130 auslänneschen Delegatiounen, déi fir d'Begriefnis vum Poopst e Samschdeg confirméiert sinn. Dorënner sinn eng 50 Staats- a Regierungscheffen a Memberen aus 10 Kinnekshaiser. Vun 9.30 Auer un, wäerten déi éischt Staats- a Regierungscheffen op der Péitersplaz ukommen, fir 10 Auer e Samschdeg de Mueren ass dann déi offiziell Mass ugesat. Dës Mass soll bis 11.45 Auer daueren. Déi ganz Zeremonie mam Trauerzuch vum Sarg vun der Péitersplaz bis bei d'Basilik Santa Maria Maggiore ka sech bis no 13 Auer hinzéien.
Hei eng Lëscht mat de bis ewell confirméierte VIP-Gäscht
Amerika
Argentinien: President Javier Milei
Brasilien: President Luiz Inacio Lula da Silva a seng Fra Janja
Kanada: Governor General Mary Simon an hire Mann Whit Fraser
Honduras: President Xiomara Castro
Vereenten Natiounen: UN-Generalsekretär Antonio Guterres
USA: President Donald Trump a seng Fra Melania, sou wéi de fréiere President Joe Biden a seng Fra Jill
Europa
Albanien: President Bajram Begaj
Éisträich: Kanzler Christian Stocker
Belsch: King Philippe a Queen Mathilde mam Premierminister Bart De Wever
Bulgarien: Premierminister Rossen Jeliazkov
Kroatien: President Zoran Milanovic, Premierminister Andrej Plenkovic
Tschechesch Republik: Premierminister Petr Fiala
Dänemark: Queen Mary
Estland: President Alar Karis
Europäesch Unioun: EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen a President vum EU-Conseil Antonio Costa
Finnland: President Alexander Stubb
Frankräich: President Emmanuel Macron
Däitschland: President Frank-Walter Steinmeier an de Kanzler Olaf Scholz
Griicheland: Premierminister Kyriakos Mitsotakis
Ungarn: President Tamas Sulyok a Premierminister Viktor Orban
Island: President Halla Tomasdottir an Ausseministerin Thorgardur Kathrin Gonnarsdottir
Irland: President Michael Higgins a seng Fra Sabina, Premierminister Micheal Martin
Kosovo: Presidentin Vjosa Osmani
Lettland: President Edgars Rinkevics
Litauen: President Gitanas Nauseda
Moldawien: President Maia Sandu
Monaco: Prënz Albert II an d'Prinzessin Charlene
Montenegro: President Jakov Milatovic
Holland: Premierminister Dick Schoof an Ausseminister Caspar Veldkamp
Nord-Mazedonien: President Gordana Siljanovska-Davkova
Norwegen: Prënz Haakon a Prinzessin Mette-Marit, Ausseminister Espen Barth Eide
Polen: President Andrzej Duda a seng Fra Agata Kornhauser-Duda
Portugal: President Marcelo Rebelo de Sousa a Premierminister Luis Montenegro
Rumänien: Interim-President Ilie Bolojan
Russland: Kulturministesch Olga Lyubimova
Serbien: Premierminister Djuro Macut
Slowakei: President Peter Pellegrini
Slowenien: President Natasa Pirc Musar a Premierminister Robert Golob
Spuenien: Kinnek Felipe VI a Kinnigin Letizia
Schweden: Kinnek Carl XVI Gustaf a seng Fra, Kinnigin Silvia, Premierminister Ulf Kristersson
Ukrain: President Volodymyr Zelensky a seng Fra Olena Zelenska
Groussbritannien: Prënz William deen de Staatschef King Charles III representéiert, Premierminister Keir Starmer
Mëttleren Osten
Iran: Kulturminister Abbas Salehi, Representant vum President Masoud Pezeshkian
Israel: Yaron Sideman, Ambassadeur
Afrika
Angola: President Joao Lourenco
Cap Vert: President Jose Maria Neves
Zentralafrikanesch Republik: President Faustin-Archange Touadera
Demokratesch Republik Kongo: President Felix Tshisekedi
Gabun: President Brice Clotaire Oligui Nguema
Südafrika: Cardinal Stephen Brislin, President vun der südafrikanescher Konferenz vun de kathoulesche Bëscheef
Asien
Indien: President Droupadi Murmu
Philippinnen: President Ferdinand Marcos an d'First lady Liza Marcos