Zanter e Mëttwoch leeft de Konklav, Favoritte gëtt et genuch
Zu Roum huet de Konklav fir d'Wal vum neie Poopst ugefaangen, Ma wie sinn d'Favoritten a wourop hoffen déi Gleeweg?
Géint 9 Auer moies sinn e Mëttwoch schonn eng Partie Leit ronderëm d'Basilika Santa Maria Maggiore ënnerwee. Verschiddener wëllen einfach d'Kierch am Zentrum vu Roum kucke goen, ma déi meescht wëllen an engems och beim Graf vum Poopst Franziskus passéieren. Et ass ee ganzt einfacht Graf, sou wéi de Jesuit sech et gewënscht huet. No der Visitt haten déi Leit, mat deene mir geschwat hunn, just Positives ze soen:
"Et ass wierklech beandrockend do bannen, säi Graf war wierklech, wéi seet een dat, bescheiden. Mee et war wierklech wonnerschéin do bannen."
"Fir eis ass et wierklech een Erliefnis, hei ze sinn. Mir haten eisen Trip scho virun e puer Méint geplangt, also éier de Poopst gestuerwen ass. Mir si gleeweg awer net déif reliéis, an trotzdeem ass et fantastesch, hei ze sinn. Et spiert een d'Léift, fir déi de Franziskus stoung. Mir bieden dofir, datt mer ee progressive Poopst kréien."
"Ich habe mich vor dem Grab verneigt und ich habe mich beim Papst bedankt, vor allem dafür, dass er ein großer Marienverehrer war. Die Muttergottes ist wichtig für die Katholische Kirche, sie führt uns zu Jesus Christus und die zu verehren, ist besonders wichtig und dafür hat er Werbung gemacht."
Ma zanter e Mëttwoch leeft d'Wiel vun engem Successeur. Ënnert deenen 133 Kardineel gëtt et genuch Favoritten. Am dackste gëtt de Pietro Parolin genannt. De 70 Joer alen Italiener ass zanter enger Partie Joren d'Nummer Zwee am Vatikan. Hie géing net mam Franziskus sengem Pontifikat briechen a wier awer wuel och fir déi Konservativ akzeptabel. No engem Pol, engem Däitschen an engem Argentinier, wier hien deen éischten italieenesche Poopst zanter 1978.
Ma et ginn awer och vill Stëmmen, déi fuerderen, datt den nächste Poopst aus engem aneren Deel vun der Welt komme soll. Zum Beispill aus Asien, wou d'Zuel vun de Katholicken zouhëlt. Dowéinst gëllt de Kardinol vu Manila, de Luis Antonio Tagle, als ee vun de Favoritten. Mee och dem Fridolin Ambongo Besungu aus dem Kongo an dem ghanaesche Kardinol Peter Turkson gi Chancen ausgerechent. Dat och, well een éischte schwaarze Poopst een Zeeche vum Fortschrëtt wier, ma reng inhaltlech gëlle si awer als ganz konservativ, zum Beispill mat Bléck op de Roll vun Homosexuellen.
Dobäi kommen eng ganz Partie weider potenziell Favoritten, dorënner och de Lëtzebuerger Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich.
Zanter e Mëttwoch kommen d'Kardineel bis zu 4 Mol pro Dag beieneen, fir iwwert deen neie Poopst ofzestëmmen. Wat de wäisse respektiv schwaarzen Damp ugeet, deen dono weist, ob de Vott positiv oder negativ ausgaangen ass, sou gëtt deen iwwregens mat Hëllef vu spezielle Kartuschen a Chemikalien hiergestallt.
Bleift ofzewaarden, wéi laang d'Kardineel et sech an der Santa Marta an an der Sixtinescher Kapell gemittlech maache wäerten. Experte ginn dovunner aus, datt spéitstens e Samschdeg een neie Poopst wäert fonnt sinn.