Et huet relativ laang gedauert, bis déi Gleeweg op der Péitersplaz virun der Sixtinescher Kapell Gewëssheet haten.

Um 21 Auer e Mëttwochowend war et dann esou wäit: Et ass Damp aus dem Schaarschtech um Daach vun der Kapell komm. An dee war - wéineg iwwerraschend - schwaarz.

Um éischten Dag vum Konklav hunn déi 133 walberechtegt Kardineel sech also net op en neie Poopst gëeenegt.

De Konklav hat e Mëttwoch am Nomëtteg ugefaangen. D'Kardineel hunn d'Sixtinesch Kapell betrueden an hunn do hiren Eed ofgeluecht. Kuerz viru 17 Auer gouf d'Dier vun der Kapell dann ofgeschloss an de Konklav ass offiziell ugaangen.

Nodeems d'Kardineel sech am éischten Tour net op en en neie Kierche-Papp eenege konnten, steet en Donneschdeg Mol op d'mannst ee weideren Tour um Programm. Am Prinzip si fir all Dag vum Konklav véier Walgäng ugesat; zwee moies an zwee nomëttes. Dat esoulaang bis ee Kardinol mat enger Majoritéit vun zwee Drëttel vun de Stëmmen zum neie Poopst gewielt gëtt. Wann dat de Fall ass, wäert dann och wäissen Damp aus dem Schaarschtech um Daach vun der Sixtinescher Kapell kommen.