"Et ass am Fong eng schwaarz-wäiss-Welt, genee wéi den Damp"

© Filippo Monteforte / AFP
De Konklav beweegt weltwäit Millioune Mënschen. Wéi kënnt dat? Doriwwer hu mir mam Psychiater Paul Rauchs geschwat.
Bei der Wiel vum nächste Poopst geet et net nëmmen ëm d’Kierch oder d’Politik. De Poopst wier an der haiteger Gesellschaft ee vun de wéinege Repèren, deen et nach gëtt, esou erkläert sech de Psychiater d’Faszinatioun vu ville Mënsche fir elo de Fokus op e Kamäin am Vatikan ze setzen:
"Fir d'Katholicken ass et en Ideal, mat deem se sech identifizéieren an deem se vläicht wëllen noäiferen. A fir Net-Katholicken, och souguer fir d'Géigner vun der Kierch, ass et en ideaalt Feindbild, well et och een eenzege Mann ass."
Einfach Welt mat engem Repère
Et wier flott eng Figur ze hunn, déi fir eng einfach Welt steet. Wou et Gutt a Béis gëtt, räich an aarm. De Paul Rauchs gesäit et esou:
"Et ass am Fong eng schwaarz-wäiss-Welt, genee wéi den Damp, deen elo eng Kéier geschwënn aus dem Kamäin erauskënnt, e schwaarzen Damp oder e wäissen Damp. Mer wëssen ëmmer, wou mer dru sinn."

Eischte Lëtzebuerger an engem Konklav: Kardionol Jean-Claude Hollerich. / © AFP
Jean-Claude Hollerich neien Andy Schleck?
Am Gespréich ass et ëmmer nees d’Fro vun der Symbolik an enger Zäit, wou d’Leit hir Repèrë verléieren. Mam Kardinol Jean-Claude Hollerich ass och déi éischte Kéier e Lëtzebuerger am Konklav dobäi an dierf de Vertrieder vu Gott op der Äerd matwielen.
"Et huet ee praktesch d’Gefill, dass mir hei zu Lëtzebuerg elo deem Konklav méi wéi jee entgéintféiweren, praktesch, well eise Jean-Claude Hollerich jo och e papabile ass. An et géif ee bal mengen, dass den Andy Schleck elo duerch de Jean-Claude Hollerich ersat gëtt, wann ech mer dat esou erlaben däerf ze soen."
Mat dëser bildlecher Ausso gräift de Psychiater op e sportleche Verglach zeréck, deen op der emotionaler Schinn ass. Et wier och eng Fro vun der Identifikatioun an dem Gefill, als Natioun och mat Deel vun eppes Groussem ze sinn.

De Psychiater Paul Rauchs am Kloertext de 7.04.2023.