Et wier e "gutt Zeechen", datt esou séier en neie Poopst gewielt gouf
En Donneschdeg den Owend ass eng Entscheedung zu Roum gefall. De Vatikan huet decidéiert an déi kathoulesch Kierch huet en neie Poopst.
De Weibëschof Leo Wagener hat perséinlech net esou fréi mat enger Decisioun gerechent.
"Mir waren, mengen ech, awer lo ganz erliichtert a frou, dass et séier gaangen ass. An dat ass ee gutt Zeechen. Dat heescht, dass sech d'Kardineel relativ séier op hie konnten eenegen."
Dass den neie Poopst en amerikanesche Kardinol ginn ass, wier zwar fir de Leo Wagener an Hisiicht vum Donald Trump "spannend", ma méi wichteg wéi seng Nationalitéit wier awer seng Perséinlechkeet. De Robert Francis Prevost wier en diskreete Mann, dee sech selwer net an de Vierdergrond géing "drängen". Méi erstaunlech wier et, datt hien "ee ganz anere Mënsch wéi de Franziskus" wier. Wat awer "vläicht och gutt" wier, fir "dass hien net ëmmer mat deem verglach gëtt".
"Awer wat, mengen ech schéin ass, hie gëtt sech den Numm Leo de Véierzéngten. De Leo den Dräizéngten ass de Poopst, dee ganz staark fir d'Aarbechterklass agetrueden ass, deen also interesséiert war u soziale Froen", betount de Weibëschof am RTL-Interview.
Perséinlech kennt de Leo Wagener den neie Poopst net, ma si wieren awer schonn op enger Visitt an de Katakombe vum Heyselstadion an der Belsch.
"Hien ass esou diskreet gewiescht, dass hie bal guer net opgefall ass. Also ee Mënsch, deen duerch seng Einfachheet, seng Schlichtheet opfält."
De Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich hat am Kontext vun der Wal vum neie Poopst ze bedenke ginn, datt vill Kardineel sech net kenne géingen. Ma och wann de Robert Francis Prevost eréischt am September 2023 Kardinol gouf, esou wier hien dem Leo Wagener awer "incontournabel" gewiescht. Mat senger Positioun wier hien dee gewiescht, dee "mat der Lëscht bei de Poopst geet an déi Kandidate virschléit, déi Bëscheef ginn an dowéinst hat hien awer eng gewëss Renommée".
Lëtzebuerg misst iwwerdeem net enttäuscht sinn, datt et net de Kardinol Hollerich ginn ass. "Eise Kardinol huet selwer net domat gerechent, datt hie géing Poopst ginn. Ech sinn awer iwwerzeegt, datt eise Kardinol och e gudde Roll gespillt huet am Konklav."
E wichtegen nächste Schratt wier dann, datt den neie Poopst "introniséiert" géing ginn. "Dat ass also déi feierlech Mass, wou hien da virun der ganzer Welt am Fong säin Amt untrëtt. Hien ass awer elo scho Poopst. Dat ass an där Hisiicht och fir eis wichteg, well eise Kardinol dann dohinner wäert goen op Roum. Dat fält dann an eis Oktavzäit an da musse mir vläicht domat rechnen, datt eisen Äerzbëschof net hei ass."