Et huet ronn 24 Stonne gedauert, bis genuch Kardineel an der Sixtinescher Kapell sech eens waren.

Den US-Amerikaner Robert Francis Prevost ass als Poopst Leo XIV. den neie Vertrieder vu Gott op der Welt. Et huet dann och net laang gedauert, bis d'Gléckwënsch aus der ganzer Welt un deen neie Pontifex gaange sinn.

D'Lëtzebuerger Kierch an de Staatsminister gratuléieren

Vun der Lëtzebuerger Kierch war et en Donneschdeg den Owend de Message, dass een d'Noriicht vun der Wal vum Robert Francis Prevost zum neie Poopst mat grousser Freed opgeholl hätt. Als Ausdrock vun der Dankbarkeet sollen dann e Freideg um 12.15 Auer d'Klacke vun de Kierchen a Kapellen uechter d'Land wärend zéng Minutte lauden.

Och de Premierminister Frieden huet dem neie Pontifex gratuléiert. Op "X" huet hie geschriwwen, dass et gutt gewiescht wier, den neie Poopst am September zejoert zu Lëtzebuerg ze treffen. De Prevost hat den deemolege Poopst Franziskus als Kardinol bei senger Visitt am Grand-Duché begleet.

Gléckwënsch vum US-President Trump

Och den US-President Donald Trump huet dem éischte Poopst aus den USA zu senger Wal gratuléiert. Op senger Social-Media-Plattform "Truth Social" huet den Trump seng Gléckwënsch un de Leo XIV. geriicht. Et wier e grousst Gléck fir d'USA, sou den US-President, deen et kaum erwaarde kéint, den neie Chef vun der kathoulescher Kierch ze treffen.

Däitsche Kanzler gratuléiert per Schreiwes

Den neien däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz huet dem Leo XIV. an engem Schreiwes gratuléiert. An dësem huet hien dem neie Poopst verséchert, dass d'Leit an Däitschland mat positiven Erwaardungen op seng Zäit un der Spëtzt vun der Kathoulescher Kierch géinge kucken. Duerch säin Amt géing hie Millioune Gleewegen op der Welt an Zäite vu groussen Erausfuerderungen Hoffnung an Orientéierung ginn.

Ursula von der Leyen: Wënschen eis, dass Pontifikat vu Wäisheet a Stäerkt guidéiert ass

D'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen huet dem Leo XIV. an engem Statement op "X" am Numm vun der EU-Kommissioun gratuléiert, an de Wonsch ausgedréckt, dass säi Pontifikat vu äisheet a Stäerkt guidéiert ass.

Wolodymyr Selenskyj: Hoffen op undauernd moralesch Ënnerstëtzung 

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet seng Gléckwënsch via "X" iwwermëttelt. D'Ukrain géing et zudéifst appreciéieren, dass den Hellege Stull konsistent dat internationaalt Recht héichgehalen an déi russesch Aggressioun géigeniwwer der Ukrain verurteelt hätt. Et géing een op eng undauernd Ënnerstëtzung aus dem Vatikan hoffen.