Vum 27. Juni bis 1. Juli ginn am Beachvolleyball d'"Queen and King of the Court European Finals" organiséiert.

Well hei awer net wéi am klassesche Beachvolleyball gespillt gëtt, kann ee sech emol d'Fro stellen, wéi dëst speziellt Event iwwerhaapt funktionéiert.

An dësem innovative Format kämpfe verschidden Ekippe fir den Titel "Queen & King of the Court" a séieren a Action-räiche Matcher. Mat den eenzegaartege Reegelen an der intensiver Spillaart a Weis ass Opreegung a Freed iwwer den Tournoi garantéiert. Bis zu 5 Ekippe kämpfe gläichzäiteg op engem Terrain an enger Ronn, déi 15 Minutten dauert. Heibäi ass den Terrain an zwou Säite gedeelt (Queen/King’s side an Challenger’s side). D'Objektiv ass einfach: Ekippe mussen op der "Queen/Kings's side" sinn, fir Punkten ze sammelen, iwwerdeems d'Géigner op der Challenger's side probéieren, hir Plaz anzehuelen, fir selwer Punkten ze sammelen. Wien och ëmmer de Punkt mécht, huet säin Zil erreecht.

Et spillen ëmmer zwou Ekippe géinteneen an déi muss waarden, bis et un hirem Tour ass a mussen also nokucken, wéi aner Ekippe Punkte sammelen. Um Enn vun all Ronn ginn d'Punkten zesummegezielt an déi Ekipp mat de mannste Punkte gëtt eliminéiert. Dëst gëtt esou dacks widderholl, bis just nach eng Ekipp iwwereg ass, déi sech domat den Titel "Queen & King of the Court" séchert.