Vum 27. Juni bis 1. Juli ginn am Beachvolleyball d'"Queen and King of the Court European Finals" zu Lëtzebuerg ronderëm d'Coque organiséiert.

Zu Lëtzebuerg wäert do d'Elite vum europäesche Beachvolleyball dobäi sinn. D'Europameeschter vun 2022 bei den Hären, den David Åhman an de Jonatan Hellvig aus Schweden, an d'Europameeschterinnen aus Lettland, d'Tina Graudina an d'Anastasija Samoilova, wäerten och zu Lëtzebuerg ëm den Titel matkämpfen.

D'Koppel David Åhman/Jonatan Hellvig huet bei der EM d'lescht Joer fir eng kleng Sensatioun gesuergt, wéi ee sech an der reng skandinavescher Halleffinall géint d'amtéierend Weltmeeschter an Olympia-Gewënner Anders Mol a Christian Sorum aus Norwegen duerchsetze konnt. Kuerz dono waren déi zwee jonk Schweden du bei der éischter Editioun vun de "Queen & King of the Court Finals" zu Utrecht just dem norwegeschen Duo an der Finall ënnerleeën.

Well den Duo Mol/Sorum zu Lëtzebuerg net wäert mat dobäi sinn, zielen déi zwee Schweden zu de ganz grousse Favoritten. Ma d'Konkurrenz ass staark, esou sinn och d'Vize-Europameeschter aus Tschechien, den David Schweiner an den Ondrej Perusic, mat dobäi. Och d'Weltmeeschter vun 2013 a Bronze-Gewënner vun den Olympesche Spiller zu Rio 2016, d'Hollänner Alexander Brouwer a Robert Meeuwsen, hoffen, e Wiertche matzeschwätzen.

Ma och bei den Damme kann ee sech op Beachvolleyball um allerhéchsten Niveau freeën. Nieft den Europameeschterinnen ass och déi fréier Olympia-Gewënnerin a fréier Welt- an Europameeschterin Laura Ludwig aus Däitschland um Start, déi un der Säit vum Louisa Lippmann spillt. Mam Svenja Müller a Cinja Tillmann ass eng weider Koppel aus Däitschland dobäi, déi d'lescht Joer op der WM Bronze gewonnen huet.