
© AFP
2019 gouf et weltwäit souvill Fäll vu Riedele wéi zanter 2 Joerzéngten net méi. Iwwer 207.000 Mënsche si gestuerwen.
De Mangel un Impfschutz ass de Vereenten Natiounen no de Grond, wisou sech d'Riedele nees méi staark ausbreeden. D'lescht Joer sinn iwwer 207.000 Mënschen doru gestuerwen, sou d'Weltgesondheetsorganisatioun, déi meescht dovu Kanner ënner 5 Joer.
Domat ass d'Zuel vun den Doudesfäll duerch Riedelen zanter 2016 ëm ronn d'Hallschent geklommen. Déi confirméiert Fäll hunn 2019 mat 870.000 den héchsten Niveau zanter méi wéi 20 Joer erreecht.
Als Haaptgrond fir déi vill Doudesfäll nennt d'WHO, dass Kanner déi néideg Impfung net mat Zäiten kritt hätten. Den WHO-Generaldirekter huet an deem Sënn den Appell gemaach, dass ee méi zesummeschaffe misst, all d'Länner misst mat abannen, fir iwwerall all eenzele Mënsch géint d'Riedelen z'impfen an den déidleche Virus ze stoppen.
Fir datt séi gesamt Bevëlkerung vun engem Land geschützt ass, mussen op d'mannst 95% vun de Kanner an Erwuessenen géint d'Riedele geimpft sinn. Den Immunitéitstaux läit awer däitlech drënner. Weltwäit sinn et 85%.
Hausse wéinst Corona
Suerge mécht der UN-Organisatioun d'Suitte vun der Corona-Pandemie fir d'Impfcampagne géint Riedelen. Och Unicef warnt do virdrun. Virun der Corona-Kris huet d'Welt mat der Riedele-Kris gekämpft a si ass net eriwwer, heescht et vun der Unicef-Directrice.
Der WHO no kéinte ronn 94 Millioune Mënschen a 26 Staate wéinst der Corona-Kris keng Impfung kréien. Vill vun deene Länner erliewen den Ament, datt d'Riedelen nees ausbriechen. Besonnesch betraff sinn Entwécklungslänner.
Riedele ginn duerch de Morbilli-Virus ausgeléist a sinn héich ustiechend. Medikamenter dogéint ginn et net, e Schutz erreecht een eleng duerch impfen. Déi Infizéiert kréie Féiwer, Houscht, Schnapp an d'Gelenker di wéi. Duerno eréischt kënnt deen typesche rout, gefleckten Ausschlag. 7 bis 8 Prozent vun den Infizéierte kréie Féiwerkrämp. Well den Immunsystem esou schwaach ass, besteet och d'Gefor vun enger Meningite, wat zum Dout féiere kann.