E Freideg de Moie war d'Sozialronn Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Regierung huet mam Sozialmodell gebrach an dee Modell mat Féiss getrëppelt, deen eis ëmmer duerch Krise gefouert huet, dat sot e Freideg de Moien d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding nom Ofschloss vun der Sozialronn, déi e Mëttwoch bekanntlech ouni Accord op den Enn gaangen ass. Schwaarz-Blo géif et sech ze einfach maachen, fir ze soen, datt d’Meenunge vu Patronat a Gewerkschaften einfach ze wäit ausernee léichen, fir d'Diskussiounen ouni Accord mat de Sozialpartner ofzeschléissen. Fir d'LSAP steet weider de soziale Fridden am Land um Spill. Mat soziale Konflikter a Streiker, wéi mer se aus dem Ausland kennen.

E Premier soll Leit a Land matenee verbannen

An den Ae vum Taina Bofferding wier et um Premier Luc Frieden gewiescht, fir ze kucken, datt Gewerkschaften a Patronat zouenee fannen. E Premier, deen d'Leit an d'Land matenee verbënnt, amplaz vun engem CEO. Zemools, well d'Gewerkschafte bereet gewiescht wieren, weider ze verhandelen. D'LSAP hätt d'Diskussiounen e Mëttwoch um 16 Auer sécher net ofgebrach an de Verhandlungsdësch verlooss, wa se an der Verantwortung wier, huet d'Oppositiounsleaderin um Radio verséchert.

"Soulaang d'Regierung de Sozialdialog als Formalitéit gesäit, komme mer net virun"

D'Diskussioun virun zwee Deeg war an den Ae vun eiser Invitée vun der Redaktioun dann och éischter eng "Alibi-Veranstaltung". Et wier guer net méi verhandelt ginn. D'Regierung hätt einfach moies um 10 Auer schonn déi Pisten op den Dësch geluecht, déi se duerno nomëttes op der Pressekonferenz der Ëffentlechkeet presentéiert huet. Sou géif een net virukommen. Sou laang d'Majoritéit de Sozialdialog als normal Formalitéit consideréiert, géif een och op de wichtege Sujeten hei am Land net viru kommen, dovunner ass d'LSAP-Politikerin iwwerzeegt.

D'Regierung rett sech bei de Pensioune just bis no den nächste Walen

Op der Pressekonferenz no der leschter Sozialronn huet den DP-Vizepremier Xavier Bettel op eemol argumentéiert, d'Regierung hätt souwisou kee Mandat vum Wieler, fir eng Pensiounsreform ze maachen, well d'Pensiounen am leschte Walkampf keen Thema gewiescht wieren. D'Taina Bofferding huet dat Virgoen op der Antenn "surreal" genannt. D'Leit wiere méintelaang consultéiert ginn, fir datt keen op se lauschtert, mä d'ganzt Land hätt elo op eng Reform gewaart. An elo géif ee sech just mat klenge Schrëtt bis déi nächst Wale retten an d'Verantwortung op déi nächst Regierung drécken. Dat wier keng responsabel Politik. D'LSAP hätt léiwer gehat, de Pensiounssystem wier laangfristeg ofgeséchert ginn. Ouni d'Generatioune géinteneen auszespillen. Dat alles wier méiglech gewiescht, sot d'LSAP-Fraktiounscheffin, fir kuerz drop dann awer an engems ze soen, et wier nach besser gewiescht, d'Regierung wier bei de Pensiounen "nach méi zeréckgeruddert".

Leeschtungsverschlechterunge bei de Pensioune komme fir d'Sozialisten net a Fro. D'Oppositiounspartei proposéiert den Iwwerschoss vum Kompensatiounsfong ze notzen, fir d'Pensiounen ze bezuelen an aner Finanzéierungsquellen. Och déi administrativ Käschte kéint een direkt aus der Pensiounskeess auslageren. Op deem Punkt géif et souguer e Konsens.

D'LSAP-Fraktiounscheffin fënnt dann och de viséierten Timing vun der Ëmsetzung "sportlech". Dat géif hir soen, datt d'Gesetztexter schonn iwwert de Summer geschriwwe gi sinn. An d'Regierung méi prett ass, wéi se dat soe wëll.

Oppositioun als Léierprozess

Ugeschwat op rezent Kriticken am "Tageblatt" um Féierungsstil vum Taina Bofferding an dem schwaachen Optriede vun de Sozialiste bis elo an der Oppositioun, deen an deem Artikel kritiséiert gouf, sot déi viséiert Fraktiounscheffin, datt se deen Artikel "net gutt géif doen". Hir géintiwwer hätt awer nach "kee sech geout". Hir wier et op alle Fall léiwer, d'Leit kéime mat hire Kriticken direkt bei si, wéi datt si et misst an engem Zeitungsartikel liesen. D'Oppositiounsaarbecht wier e Léierprozess. Vill Sozialiste géifen d'Oppositioun guer net kennen an hätte sech fir d'éischt mol missen dran erëmfannen. Mat der parlamentarescher Aarbecht wier si all Zäit awer zefridde bis ewell, sou d'Taina Bofferding.

Invité vun der Redaktioun: Taina Bofferding

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.